Anna Moes

lëtzebuergesch Nonn From Wikipedia, the free encyclopedia

Anna Moes
Remove ads

D'Anna Moes, mam Ordinatsnumm Maria Dominika Klara vom hl. Kreuz, och bekannt ënner dem ironesche Spëtznumm Klara Wupp,[1] gebuer de 27. Oktober 1832 zu Bous am Kanton Réimech, a gestuerwen de 24. Februar 1895 um Lampertsbierg (Stad Lëtzebuerg), war eng lëtzebuergesch Nonn a Priorin vum Dominikanerinneklouschter um Lampertsbierg.

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...
Thumb
Hiert Graf um Nikloskierfecht.

D'Anna Moes soll schonn an hirer fréier Jugend Visioune gehat hunn. Si huet sech dofir agesat, datt den Dominikaneruerden zu Lëtzebuerg nees opgebaut sollt ginn. Si huet d'Dominikanerinneklouschter um Lampersbierg gestëft,[2] deem seng Priorin se gouf, a spéider och dat vu Clairefontaine.

Si hat mat Stigmatisatioun fir grouss Opreegung gesuergt a bei dem spéidere Bëschof Jean Joseph Koppes groussen Androck hannerlooss, soudatt deen, nodeem en zu Roum de 4. November 1883 zum Bëschof geweit gouf, a sengem Heemechtsland net vun alle mat oppenen Äerm empfaange gouf.

Remove ads

Literatur

  • Barthel, J.P.: Mutter Maria Dominika Klara Moes vom hl. Kreuz und ihre Klostergründung 1832 - 1895, Nach authentischen Quellen bearbeitet, Mit Autograph und 8 Einschaltbildern. Luxemburg, St. Paulus Druckerei 1908, 2. verbessert Oplo 1926.[3]
  • Montanus Leo (= Mathias Tresch): Aus dem Tagebuch einer hysterischen Nonne oder: Wie das Wundermädchen Klara Moes (1832-1895) Luxemburger Bischöfe stürzte und auf den Thron brachte. Auch ein Kapitel Kirchengeschichte. Frankfurt, Neuer Frankfurter Verlag, 1912, 95 Säiten
  • Jean Malget: Ein Leben zwischen Hammer und Amboß. Schwester Maria Dominika Klara vom hl. Kreuz, geb. Anna Moes (1832-1895)., Éilereng 1995
  • P.J.J. Willibrord Schons OSB: La stigmatisée de Luxembourg et sa mission. ouni Uertschaft, 1934
  • P.J.J. Willibrord Schons OSB: Anna Moes - Die Stigmatisierte von Luxemburg, Verlag H. Braun Eupen, 59 Säiten
  • Massard, Jos. A., 1985. Wunder in Luxemburg. Lëtzebuerger Almanach 1986: 127-135 (cf. S. 132s).
Remove ads

Referenzen a Foussnotten

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads