Antoine Kohn

lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer From Wikipedia, the free encyclopedia

Antoine Kohn
Remove ads

Den Antoine ("Spitz") Kohn, gebuer den 1. November 1933 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 24. November 2012[1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...

Als Spiller huet hie fir d'Jeunesse Esch, Karlsruher SC, FC Basel, Fortuna Geleen, Sportclub Enschede, FC Twente Enschede gespillt.

Tëscht dem 6. Abrëll 1952 an 19. September 1965 huet hien a 15 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp 6 Goler geschoss.[2]

Als Trainer war hie bei de Veräiner FC Twente Enschede, Go Ahead Eagles, FC Bruges an als Co-Trainer bei Ajax Amsterdam aktiv. Beim Ajax hat hien den Johan Cruyf als Cheftrainer, deen haut nach als ee vun de stäerksten hollännesche Foussballspiller gëllt.

De Spitz Kohn war spéider hin Trainer vun der Jugendekipp vun Ajax, wou hien notamment déi spéider Foussballstars Clarence Seedorf a Marco van Basten trainéiert huet.

Remove ads

Palmares

  • Zweemolege Coupegewënner mam Karlsruher SC (1955,1956)
  • Vizemeeschter an der Bundesliga mam Karlsruher SC (1956)
  • UEFA-Cup Finalist mat Twente Enscheede (1975)
  • Coupegewënner mat Twente Enscheede (1977)
  • Coupefinalist mat Twente Enscheede (1975, 1979)

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads