Antonio Machado
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Antonio Cipriano José María Machado Ruiz, bekannt als Antonio Machado, gebuer de 26. Juli 1875 zu Sevilla, a gestuerwen den 22. Februar 1939 zu Collioure, war e spueneschen Dichter.
![]() |
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Hien ass zu der literarescher Beweegung Generación del 98 ze zielen. Zentraalt Theema vu senger Dichtung ass d'Elengsinn, säin Haaptwierk heescht Soledades.
Vun him staamt de Begrëff "Zwéi Spuenien" (am Gedicht Proverbios y Cantares), deen déi haart Géigesätz tëscht der Gauche an der Droite an der spuenescher Gesellschaft ausdréckt.
Op der Flucht virun de Faschiste vum Franco ass hien un Erschëpfung kuerz virun der franséischer Grenz gestuerwen.
Remove ads
Hommage
De Louis Aragon huet iwwer hie gedicht:
- Machado dort à Collioure
- Trois pas suffirent hors d'Espagne
- Que le ciel pour lui se fît lourd
- Il s'assit dans cette campagne
- Et ferma les yeux pour toujours.
Déi spueneschsproocheg Kulturassociatioun zu Lëtzebuerg, de Círculo Cultural Antonio Machado, huet sech no him genannt.
Fir ze liesen
- Antonio Machado: Campos De Castilla / Kastilische Landschaften. Gedichte. 1907-1917, 2001, Amman Verlag ISBN 978-3100487636
Um Spaweck
![]() |
Commons: Antonio Machado – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads