ArcelorMittal

From Wikipedia, the free encyclopedia

ArcelorMittal
Remove ads

ArcelorMittal ass dee weltwäit zweetgréisste Stolkonzern, deen 2006 aus der Fusioun vun der Arcelor mat der Mittal Steel Company entstanen ass.

Dësen Artikel iwwer eng Entreprise ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Séier Fakten Grënnungsdatum, Grënner ...
Thumb
D'Arbedsgebai, de fréiere Sëtz an der Neier Avenue an der Stad Lëtzebuerg

ArcelorMittal beschäftegt 210.000 Leit a 60 Länner uechtert d'Welt.[1] Jorelaang war d'Arcelor, respektiv ArcelorMittal, de gréisste Privatemployeur am Land. 2016 hat d'Entreprise 4.180 Mataarbechter a war domat no der Lëtzebuerger Post (4.320) den zweetgréisste private Patron zu Lëtzebuerg.[2] Den 1. Januar 2024 war d'Gesellschaft mat 3.520 Leit op déi 8. Plaz zeréckgefall[3].

Generaldirekter a President vum Verwaltungsrot, ass de Lakshmi Mittal, nodeem de Roland Junck dës Funktioun vun August bis November 2006 hat. De Konzern a seng zentral Verwaltung hunn hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg.

Remove ads

Entwécklung vum Personal zu Lëtzebuerg

Personal op den 1. Januar[4]

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: ArcelorMittal – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. corporate.arcelormittal.com: ArcelorMittal - At a Glance (gekuckt den 21. Januar 2017)
  2. (fr) Les principaux employeurs au Luxembourg au 1er janvier 2024. statistiques.public.lu (05.07.2024). Gekuckt de 26.07.2024.
  3. (fr) Liste des principaux employeurs au 1er janvier. lustat.statec.lu. STATEC – Portail statistique du Luxembourg. Gekuckt de 26.07.2024.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads