Arno (Sänger)

belsche Sänger From Wikipedia, the free encyclopedia

Arno (Sänger)
Remove ads

Den Arno, gebuer den 21. Mee 1949 zu Ostende, a gestuerwen den 23. Abrëll 2022 zu Bréissel[1]; mam ganzen Numm Arno Hintjens, war e belsche Sänger, Instrumentalmuseker a Komponist.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Remove ads

Liewen

Den Arno huet an de fréien 1970er Jore seng Karriär als Museker zu Ostende ugefaangen, a war noenee Member vun de Bands Freckle Face, Tjens Couter an TC Matic. Zanter 1986 ass hien als Solokënschtler aktiv. Hien huet Lidder, déi e selwer geschriwwen huet, op englesch, franséisch a flämesch gesongen, an eng ganz Rëtsch franséisch Chansonen opgeholl. Och fir Filmer huet hie Musek komponéiert. Wéinst sengem Stil a senger rauer Stëmm gëtt hien alt "de belschen Tom Waits“ genannt.

Bekannt gouf hie virun allem mat de Lidder Les yeux de ma mère oder Oh la la la.

2007 huet den Arno, mam Alain Bashung am Film J'ai toujours rêvé d'être un gangster vum Samuel Benchetrit matgespillt.

Remove ads

Discographie

als Arno

  • 1986: Arno
  • 1988: Charlatan
  • 1990: Ratata
  • 1992: Tracks from the story
  • 1993: Idiots Savants
  • 1995: À la française
  • 1997: Give Me The Gift
  • 1997: En Concert
  • 1999: À Poil commercial
  • 1999: European cowboy
  • 2000: Le Best of Arno
  • 2002: Charles Ernest
  • 2004: French bazaar
  • 2005: Live in Brussels
  • 2007: Jus de Box
  • 2008: Covers Cocktail
  • 2009: Best of 3 cd
  • 2010: Brussld
  • 2012: Future Vintage
  • 2016: Human Incognito
  • 2019: Santeboutique
  • 2021: Vivre (Parce que - La Collection)
Remove ads

Um Spaweck

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads