Asturien

autonom Regioun a Spuenien From Wikipedia, the free encyclopedia

Asturien
Remove ads

Asturien ass eng autonom Regioun a Spuenien, déi aus enger eenzeger Provënz mam selwechten Numm besteet. D'Haaptstad ass Oviedo.

Méi Informatiounen Offiziell Sprooch(en), Fläch ...
Remove ads

Geographie

Asturie läit am Nordweste vu Spuenien a grenzt am Süden u Kastilien-León, am Osten u Kantabrien an am Westen u Galicien. D'Regioun vun Asturien huet eng Fläch vun 10.604 km² wat 2,1 % vu ganz Spuenie sinn.

Andeelungen

Asturie besteet just aus enger eenzeger Provënz an ass a 78 Concejos agedeelt.

Méi Informatiounen Numm, Haaptstad ...

Geschicht

D'Provënz Asturien huet sech den 11. Januar 1982 zu enger autonomer Gemeinschaft konstituéiert.

Politik

De President vun der Regioun Asturien ass de Francisco Álvarez-Cascos Fernández (FAC). D'Parlamentaresch Vertriedung vun Asturien huet spuenesche Kongress 8 Sëtz an am Senat huet se der 6.

Demographie

2007 gëtt et 1.074.862 Awunner, dat sinn 2,38 % vun der Populatioun vu ganz Spuenien.

Sport

Vëlo

D'Vuelta a Astirias ass eng Etappecourse mam Vëlo, déi an Asturie gefuer gëtt.

Zanter 2005 gehéiert dës Course zum UCI Europe Tour an ass zanterhier an der Kategorie 2.1 klasséiert.

Organisateur vun der Course ass de Vëlosveräin "Club Ciclista Aramo".

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Asturias – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads