Floss an der Belsch an zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Atert (fr.: Attert) ass en Niewefloss vun der Uelzecht.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Niewefloss vun der Uelzecht. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Atert. |
D'Atert zu Useldeng | |
An anere Sproochen |
fr: Attert de: Attert |
---|---|
Längt | 38 km |
Hydrographesche Baseng | Rhäin |
Fläch vum Baseng | 299 km² |
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz | Diddebuerg |
Héicht | 335 m |
Koordinaten |
49° 43’ 02.72’’ N 05° 43’ 35.33’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | d'Uelzecht |
Plaz | Colmer-Bierg |
Héicht | 199 m |
Koordinaten |
49° 48’ 54.2’’ N 06° 05’ 46,0’’ O |
Geographie | |
Land | Belsch - Lëtzebuerg |
Si entspréngt beim Windelsbësch am Norde vun Diddebuerg an der Belsch an engem geschützte Fiichtgebitt dat als Mardelles de Thiaumont de 26. September 1996 agreéiert gouf.
Tëscht der Uertschaft Atert an Nidderkolpech leeft s'iwwer d'belsch-lëtzebuergesch Grenz. Ee Véirel vun hirem 298,9 km² grousse Baseng läit an der Belsch, dräi Véirel zu Lëtzebuerg.
D'Atert fléisst laanscht d'Uertschafte Nidderkolpech, Ell, Réiden op der Atert, Räichel, Iewerleng, Useldeng, Béiwen op der Atert a Biissen, ier se zu Colmer-Bierg an d'Uelzecht leeft.
De 7. Mäerz 2001 hunn d'Partnergemengen an -associatiounen aus dem Atert-Baseng d'Charta vum Atert-Kontrakt ënnerschriwwen. Déi gesäit eng konzertéiert Bewirtschaftung vum Floss a vu sengem Baseng vir, an huet deem virgegraff, wat an der europäescher Waasserkaderdirektiv vun 2000 virgesinn ass, nämlech eng Gestioun vun de Gewässer op Grondlag vun hirem Baseng, an net vun territoriale Grenzen.
D'Atert ass ronn 38 km laang, dovun 30,5 km op lëtzebuergeschem Territoire.
|
|
|
|
Commons: Atert – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.