Australia Telescope Compact Array

From Wikipedia, the free encyclopedia

Australia Telescope Compact Array
Remove ads

Den Australia Telescope Compact Array (ATCA) ass e Radiointerferometer fir astronomesch Observatioune mat Standplaz no bei Narrabri, Australien.

Thumb
Ee vun den ATCA-Radioteleskope.

Den ATCA besteet aus sechs Radioteleskope mat jee 22 m Antennenduerchmiesser, déi op verschiddene Statioune mat bis zu maximal 6 km Distanz an ost-westlecher Richtung opgestallt kënne ginn. Seng Standplaz, de Paul-Wild-Observatoire, läit ronn 30 km westlech vun Narrabri an ongeféier 500 km nordwestlech vu Sydney an enger Héicht vun 234 m. Den ATCA besëtzt Empfänger fir Radiowellelängte tëscht 20 cm an 3 mm. Zesumme mat dem grousse Radioteleskop vum Parkes-Observatoire an engem weidere Radioteleskop zu Mopra gëtt den ATCA och fir Very Long Baseline Interferometry gebraucht.

Den ATCA ass zurzäit de leeschtungsbeschte Radiointerferometer op der südlecher Äerdhallefkugel. Zesumme mat aneren australesche Radioteleskopen ass den ATCA Deel vun der Australia Telescope National Facility (ATNF) a gëtt vun der australescher Wëssenschaftsorganisatioun CSIRO bedriwwen.

Remove ads

Um Spaweck

Portal Astronomie

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads