Autogramm
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
En Autogramm (vum algr..: αὐτός autós "selwer" a γράμμα grámma "Buschtaf", "Schrëft") ass eng Ënnerschrëft vun enger (gewéinlech) bekannter Persoun, déi dës op eng Foto, an e Buch, oder op soss e Support, deen am Idealfall mat hirer Aktivitéit ze dinn huet, gemaach huet. Steet den Numm vun deem, fir ween et ass, a vläicht soss nach e Saz derbäi, schwätzt ee vun enger Dedicace.

Autogrammer si beléift Sammelobjeten; hire Wäert hänkt mat dervun of, wéi bekannt déi Persoun ass oder war, wéi vill Autogrammer et vun hir gëtt, an a wat fir engem Zoustand se sinn.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads