Avro Lancaster

From Wikipedia, the free encyclopedia

Avro Lancaster
Remove ads

Den Avro 683 Lancaster war dee bekanntste véiermotorege Bomber vun der Royal Air Force am Zweete Weltkrich.

Méi Informatiounen Beschreiwung, Dimensions ...

Den Avro Lancaster war op der Basis vum zweemotorege Bomber Manchester entwéckelt ginn. Fir de Manchester dee kee grousse Succès hat well seng Leeschtung wäit ënner den Erwaardunge louch hat déi lescht Klack gelaut. Fir d'Kar aus dem Dréck ze zéien, huet de Chefingenieur vun Avro decidéiert fir déi Maschinn ëmzebauen an huet hir amplaz zwéin, véier Motoren an d'Flilleke geprafft.

Doduerch konnt hien ee mëttelméissege Bomber, an dee Bonber transforméieren dee bis 1945 de Fliger vum groussbritannesche Bomber Command war.

De Bomber hat eng Capacitéit déi tëscht zwee- a véiermol méi grouss war wéi déi vun aner Bomberen aus där Zäit mat änlecher Kraaft, wéi d'B-17 oder B-24.

Vun Ufank 1944 konnt en eng eenzel Bomm vu bal 10 Tonne wéi d'Tallboy a Blockbuster oder 5 Grand slam-Bommen transportéieren.

Thumb
En Avro Lancaster an engem Fräiliichtmusée.
Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Avro Lancaster – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads