British Academy Film Awards

From Wikipedia, the free encyclopedia

British Academy Film Awards
Remove ads

D'British Academy Film Awards, och nach BAFTA Film Awards oder einfach BAFTA Awards genannt, sinn déi wichtegst Filmpräisser a Groussbritannien. Si ginn zënter 1948 all Joer am Februar zu London vun der British Academy of Film and Television Arts (BAFTA) organiséiert a gëllen als de brittesche Pendant zum Oscar.

Thumb
Déi haiteg Präisskulptur

Präisskulptur

Déi éischt Präisstatu gouf vum bekannte Sculpteur Henry Moore entworf a war eng Fraefigur, déi e klengen Aascht vun engem Olivebam an der Hand gehalen huet. Et goufe fënnef där Statue produzéiert, mat der Iddi, dat all Produktiounsfirma oder Filmstudio, déi fir e Film ausgezeechent goufen, déi Statu ee Joer laang kéinten ausstellen, éier se se der Akademie sollten zeréckginn. Duerno krute se dunn eng méi kleng Skulptur, déi den Aascht vun der Haaptstatu representéiert huet. Déi kleng Skulptur konnten d'Gewënner halen.[1]

Well et awer net gutt ukomm war, datt een d'Präisskulptur no engem Joer misst zeréckginn, gouf se 1968 duerch eng aner ersat. Fir déi nächst 8 Joer war et eng Skulptur vun enger mythologescher Fraefigur aus schwaarzem Basalt mam Spëtznumm Stella.[2]

Zënter 1976 ass d'Präisskulptur eng Schauspillermask, déi 3,6 Kilo weit.[3]

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: British Academy Film Awards – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. heritage.bafta.org: 1949 - Sitting Pretty: Henry Moore designs first trophy (gekuckt den 21. November 2021)
  2. heritage.bafta.org: 1968 - Introducing Stella: New Trophy Design (gekuckt den 21. November 2021)
  3. heritage.bafta.org: 1976 - A New Face: The BAFTA mask (gekuckt den 21. November 2021)
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads