Baby(a)lone

Film vum Donato Rotunno (2015) From Wikipedia, the free encyclopedia

Baby(a)lone
Remove ads

Baby(a)lone ass e lëtzebuergesche Spillfilm an Drama vum Donato Rotunno. En ass eng Adaptatioun vum Tullio Forgiarini sengem Roman Amok - Eng Lëtzebuerger Liebeschronik aus dem Joer 2011.[1]

Séier Fakten Film, Produktiounsland ...

Den Aarbechtstitel vum Film war eng Zäitche laang Ouni d'Hänn.[2] En hat seng Première um Luxembourg City Film Festival 2015.

Remove ads

Wourëms geet et am Film?

Zwéin Teenager vun 13 Joer ee Jong an e Meedchen, d'Shirley, sinn allebéid op der Sich no Léift, déi se doheem ni kritt hunn. Si testen an iwwerschreide gär mol d'Limitten, déi sech hinnen an de Wee stellen, a "léise" Problemer mat verbaler a physescher Brutalitéit...

Produktioun

De Film gouf tëscht dem 12. August[2] an Enn September 2013 zu Lëtzebuerg gedréint, ënner anerem zu Bieles am Lycée Bel-Val, an der Stad virun an am Kino Utopolis an op der Kinnekswiss, an am Walygator Parc.

En hat e Budget vu 4,3 Milliounen Euro, vun deene ronn 80 % vum Lëtzebuerger Filmfong koumen.[3]

D'Musek gouf vum HipHop-Produzent a Beatmaker Eric Bintz gemaach. Hien ass och als "Cehashi" bekannt.

Remove ads

Accueil a Präisser

2015 si 4.340 Leit de Film an de Kino kucke gaangen.[4] D'DVD koum am Dezember 2015 eraus.

De Film war am Joer 2015 fir eng Oscar-Nominatioun an der Kategorie "Beschten Internationale Film" virgeschloen.[5]

E gouf och um Internationale Filmfestival vu Shanghai gewisen a war an der Kategorie "Bescht Dréibuch" bei den Trophées francophones du Cinéma 2015 zu Abidjan nominéiert.[6] Donieft war en nominéiertfir de "Gëllenen Olivebam" um Festival vum Europäesche Film 2016 zu Lecce.

2016 war Baby(a)lone fir de 7. Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Beschte Lëtzebuerger Fiktiouns-Spillfilm" nominéiert.

Kritik

Josée Hansen vum Lëtzebuerger Land:[3]

Baby(a)lone n'est pas seulement un film pour adolescents [...] mais c'est aussi tout simplement un très beau film. Touchant dans ces moments d'amour naissant, révoltant dans les flashbacks ou évocations de leurs vies quotidiennes respectives, il est aussi une œuvre filmique aboutie, avec des images esthétiques (de Jako Raybaut, comme les beaux gros-plans sur le squelette des montagnes russes en ouverture) et un montage tout en retenue (seule la musique, signée Eric Bintz, est peut-être un peu trop invasive). Baby(a)lone sonne juste, dans son temps – enfin un film luxembourgeois vraiment contemporain...

Jordan Mintzer vum The Hollywood Reporter:[7]

Rotunno directs in a clear and concise manner, coaxing respectable turns out of young newcomers Defays and Elsen, who come across as touchingly innocent despite some of the awful things their characters do. In the end, the two appear to be pure products of broken households — not exactly the most original take on the teen angst flick, and Baby(a)lone really doesn't add much to such an already well-tread genre. Still, it's effective enough in places to reveal how, whether in a tiny nation like Luxembourg or elsewhere, parents just don't understand and the kids are never all right.

Mylène Carrière vu Le Quotidien:[8]

En effet, l'image est sublime, portée par le talentueux Jako Raybaut [...]. L'actrice Gintare Parulyte, quant à elle, nous offre une des meilleures performances de sa carrière dans son rôle d'éducatrice aimante, attachante, tout en ayant ce brin de folie, borderline, venant former un véritable trio où chacun y va de sa névrose. Si par contre, la musique est à la limite du cliché et devient à chaque instant un peu plus insupportable, s'il manque un peu de profondeur dans les émotions, Baby(a)lone n'en reste pas moins un film courageux qui humanise un pays dont les contours sont souvent bien insipides. [...] Donato Rotunno a fait un pari risqué: faire un film sur les jeunes, par des jeunes, pour les jeunes. Un exercice difficile et courageux que peu de réalisateurs prennent le risque de faire.

Remove ads

Um Spaweck

Referenzen

  1. "'Ouni d'hänn' will start shooting this summer." op cineuropa.org; gekuckt 07.08.2013
  2. land.lu: Baby(a)lone: Nique ta mère ! (6. Mäerz 2015)
  3. cineuropa.org: Baby(A)lone is Luxembourg's Oscars hopeful (24. August 2015)
  4. Presentatioun vum Film op der Websäit vum Filmfong
  5. hollywoodreport.com: ‘Baby(a)lone’: Film Review (16. November 2015)
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads