Baldwin Street

From Wikipedia, the free encyclopedia

Baldwin Street
Remove ads

D'Baldwin Street ass laut Guinness-Buch vun de Rekorder déi géiste Strooss vun der Welt. Se läit am North East Valley, 3,5 km nërdlech vun Dunedin an Neiséiland. D'maximal Steigung vun der 200 Meter laanger Strooss läit bei 1:2,86 (19,3° oder zirka 35 %). Am Laf vun de Joerzéngten ass d'Strooss eng bekannt Attraktioun vun der Stad ginn. An der Wäertung vun de géiste Stroosse vun der Welt kommen duerno d'Filbert Street an d'22nd Street zu San Francisco, déi allebéid eng Steigung vun 31,5 % (17,5°) opweisen. D'Situatioun an der ursprénglech änlech géier Lombard Street, déi och zu San Francisco läit, gouf duerch Serpentinen entschäerft. Et gëtt nach aner Stied an den USA an an aneren Deeler vun der Welt, déi fir sech an Usproch huelen, nach méi géi Stroossen ze hunn.

Thumb
D'Baldwin Street
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Baldwin Street – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads