Barcelona

Stad a Katalounien From Wikipedia, the free encyclopedia

Barcelona
Remove ads

Barcelona ass d'Haaptstad vun der spuenescher Provënz Barcelona a vun der autonomer Regioun Katalounien.

op ee Bléck Land, Autonom Gemeinschaft ...
Thumb
Barcelona am Joer 1929
Thumb
De Museu d'Art de Catalyuna
Remove ads

Geographie

Barcelona läit um Mëttelmier am Nordoste vu Spuenien, ongeféier 160 km südlech vun de Pyrenäen an der Grenz mat Frankräich. Et ass mat 1.731.649 Awunner (Stand 2025)[1] déi zweetgréisst Stad a Spuenien an déi gréisst a Katalounien. Mat de Faubourge liewen do ronn 3 Millioune Leit.

Distrikter

Thumb
D'Distrikter vu Barcelona

Barcelona ass an 10 Distrikter agedeelt:

Klima

Barcelona huet e Mëttelmierklima. An alle Joreszäite sinn d'Temperaturen agreabel mat meeschtens sonnegen Deeg. Den August ass de wäermste Mount mat ëm déi 30 Grad, tëscht dem November an dem Februar leien d'Temperaturen am Duerchschnëtt bei 12 Grad.

Remove ads

Geschicht

D'Geschicht vu Barcelona huet virun 2000 Joer mat der ibeerescher Uertschaft Barkeno ugefaangen. Déi Uertschaft louch op engem Küstenofschnëtt tëscht dem Collserola-Kamm an dem Mëttelmier um Wee vun Zentraleuropa bis op d'Ibeeresch Hallefinsel.

Kultur a Kuckeswäertes

Barcelona huet eng laang Geschicht, an et fënnt ee vill Bauwierker aus der Romanik, Gotik, Renaissance oder souguer nach méi al Epochen. Ëm d'Joerhonnertwenn war Barcelona en Zentrum vum modernistesche Stil, an et war haaptsächlech den Antoni Gaudí, deen zesumme mat aneren der Stad en neit Gesiicht ginn huet. Déi bekanntst Gebaier sinn d'Sagrada Familia, d'Casa Milà, de Park Güell oder nach d'Casa Batlló. Kuckeswäert ass och dat typescht Spuenescht Duerf, dat zu Barcelona nogebaut gouf.

Muséeën

Déi grouss Auswiel vu Muséeën zu Barcelona bitt Informatioune vun zäitgenëssescher Konscht bis hin zu romanesche Fresken.

1985 hunn d'Renovatiounsaarbechten un alle stättesche Muséeën ugefaangen an déi meescht si mëttlerweil erëm fir déi Intresséiert op. Déi wichtegst Muséeë sinn:

  • de Museu Frederic Marès mat enger bedeitender Skulpturesammlung vu Spuenien
  • de Museu Picasso, dee meescht besichte Musée mat Wierker vum moderne Kënschtler aus senger Ufankszäit
  • d'Fundació Joan Miró, vum Miró selwer gegrënnt, fënnt een hei Wierker vun him, vu sengen éischten Zeechnungen am Joer 1901 bis zu senge leschte Monumentalbiller
  • de Museu d'Art de Catalyna, mat weltwäit eenzegaartege romanesche Konschtwierker
  • de Centre de Cultura Contemporània, den Zentrum fir zäitgenëssesch Konscht
  • de Museu d'Història de la Ciutat, de Stadmusée an de Katakombe mat katalounescher Geschicht
  • de Museu Castell de Montjuïc & Museu Militar, eng fréier Festungsanlag mat enger Ausstellung vu Waffen an Uniformen, a vun deem aus een eng Vue iwwer ganz Barcelona huet.
Thumb
Vue iwwer Barcelona vum Nationalmusée aus

Kulturierwen

Evenementer

Educatioun

Partnerstied

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Barcelona – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads