Batty Weber

lëtzebuergesche Schrëftsteller From Wikipedia, the free encyclopedia

Batty Weber
Remove ads

De Batty (Jean-Baptiste) Weber, gebuer de 25. November 1860 zu Rëmeleng, a gestuerwen de 15. Dezember 1940 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller, Journalist, Feuilletonist.

Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...
Thumb
Dem Jabo seng Kaap (Ufank) an der Schreifweis vun 1946.
Remove ads

Liewen

Hie war de Jong vum Schoulmeeschter Michel Weber an der Marie-Catherine Klein vu Fréiseng. De Batty Weber ass zu Rëmeleng an der Grouss-Strooss Nr. 82 op d'Welt komm an zu Stadbriedemes opgewuess.

1888 huet hie sech mat der Appoline "Lina" Sachs bestuet. Si ass 1901 gestuerwen. Zesummen hate si eng Duechter, d'Paula Johanna (1888-1971). 1904 huet hie sech du mat der Emma Brugmann bestuet, mat där zesumme si e Jong haten, den Heinz (1905-1970). 1934 hu si sech zu Stadbriedemes en Haus, d'Haus Heemecht, gebaut.

De Batty Weber ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.

Dem Batty Weber säin Haaptwierk besteet aus iwwer 7.050 Texter, déi tëscht dem 25. September 1913 an dem 17. Dezember 1940 an der liberaler Luxemburger Zeitung an der Feuilletonserie Abreißkalender publizéiert goufen.

1909 huet de Batty Weber de Begrëff vun der Mischkultur fir d'Lëtzebuerger Gesellschaft ze beschreiwen, an d'Welt gesat.

Hie war Éierepresident vun der Assoss a President vun der Association luxembourgeoise des journalistes.

Remove ads

Wierk (Auswiel)

  • 1882: Mein Freund Gunther
  • 1889: Bella Ghita
  • 1890: Hart am Abgrund
  • 1891: Der Amerikaner
  • 1891: Verderberin
  • 1898: De Schĕfer vun Aasselburn. Letzeburger Vollécksstéck a vĕer Akten. En Trauerspill mat als Hannergrond de Klëppelkrich mam Schéifermisch
  • 1909: Über Mischkultur in Luxemburg. Beilage der Münchner Neuesten Nachrichten: 121-124.
  • 1912: Fenn Kaß
  • 1915 D'Wonner vu Spéisbech. Operett a 4 Akten.
  • 1922 Nick Carter auf dem Dorf
  • 1906: Le Lasso. Drama an dräi Akten. Gouf den 19. September 1922 zu Paräis am Théâtre de l'Œuvre ënner der Regie vum Lugné-Poe opgefouert.
  • 1923 Der Inseltraum
  • 1926 Hände
Remove ads

Nom Batty Weber genannt

Illustratiounen

Literatur

  • Kieffer, Marcel, 2017. Batty Weber (1860-1840). Er war ein moderner Denker. Die Warte 14|2543 vum 4. Mee 2017, S. 4-5.
  • Millim, Anne-Marie: 2017, Batty Weber: Werk und Wirkung / hrsg. von Anne-Marie Millim, Éd. Centre national de littérature, Mersch, ISBN 978-2-919903-56-6
  • Kmec, Sonja: Batty Weber und das Konzept der „Mischkultur“: ein Vorgriff auf die heutige Interkulturalitätsdebatte, in: Komponistinnen in Luxemburg. Helen Buchholtz und Lou Koster, herausgegeben v. Danielle Roster und Melanie Unseld (Wien / Köln / Weimar: Böhlau, 2014), p. 39-58.
  • Meintz, Claude: Batty Weber - Bibliographie 1882-2002, Lëtzebuerg 2003.
  • Kremer-Schmit, Sylvie: Repertorien zum "Abreißkalender" 1913-1940 von Batty Weber. Archives nationales, Collection inventaires, Luxemburg 2002, 2 Bd., 389 + 378 S.
  • Marson, Pierre, 2007. Weber, Batty (Jean-Baptiste). S. 640-641 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
  • Marson, Pierre, 2015. Zoom auf das Luxemburger Literaturarchiv. Batty Weber - der Autor im Spiegel seines Nachlasses. - Die Warte 31|2488 vum 12. November 2015, S. 2-3.
  • Weber, Batty, 1999. Abreisskalenderblätter von 1913 - 1940 mit historischen Photos. [Einführungstext: Cornel Meder ; Red. und Bildrecherche: Christiane Wagner] Luxemburg: G. Binsfeld, 143 p. ISBN 2-87954-062-3.
Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Batty Weber – Biller, Videoen oder Audiodateien


Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads