Belsche Frang
fréier Wärung vun der Belsch From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Belsche Frang, war vun 1832 bis den 31. Dezember 2001 déi offiziell Wärung vun der Belsch. E gouf den 1. Januar 2002 mam Euro ersat, nodeems d'Belsch der Eurozon bäigetruede war. Opgrond vun de Bestëmmunge vun der Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun war en och zu Lëtzebuerg am Ëmlaf. Hien huet eng Geschicht vun 170 Joer.

Geschicht vum Belsche Frang

Hei puer wichteg Eckdaten aus der Geschicht vum Belsche Frang:
- 1832: Gesetz, duerch dat de Belsche Frang definéiert gouf.
- 1850: Schafung vun der Banque Nationale de Belgique
- 1865: D'Union Latine entsteet.
- 1873: D'Geldschäiner vun der Banque nationale kréien e gesetzleche Cours.
- 1914: D'Convertibilitéit vun de Billjeeë gëtt opgehuewen.
- 1921: Den Traité vun der Union Economique Belgo-Luxembourgeoise gëtt ofgeschloss.
- 1925: D'Belsch kënnegt de Vertrag vun der Union latine.
- 1926: Stabilisatioun vum Belsche Frang op 1/7 vu sengem Vierkrichswäert; Schafung vun enger neier Unité de compte, dëm Belga, a Rétablissement vun der Convertibilitéit vun de Billjeeën.
- 1935: Dévaluatiounn ëm 28 % vum Belsche Frang.
- 1940: Suspensioun vun der Convertibilitéit vun de Billjeeën.
- 1944: Schafung vum Wärungssystem vu Bretton Woods, deen op de Gold Exchange Standard opgebaut ass.
- 1971: Suspensioun vun der Convertibilitéit vum USA-Dollar a Gold.
- 1972: Schafung vun der Europäescher Wärungsschlang.
- 1979: Kreatioun vum Europäesche Wärungssystem (EWS).
- 1982: Ofwäertung ëm 8 % vum Belschen a Lëtzebuerger Frang am (EWS).
- 1988: Nei Definitioun vum legale Statut vum Frang.
- 1990: De Frang gëtt un déi däitsch Mark ugekoppelt.
- 1999: Drëtt Etapp vun der Europäecher Wirtschafts- a Monetärunioun, Aféierung vum Euro als Buchwärung.
- 2002: Den Euro gëtt a Form vu Billjeeën a Mënzen an Ëmlaf gesat; Enn vum Belsche Frang.
Remove ads
D'Emissiounsinstitut, d'Belsch Nationalbank
Den Iwwergang zum Euro
Literatur
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Belsche Frang – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Belsche Frang - Biljeeën (de) (en) (fr)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
