Benzol

cheemesch Verbindung From Wikipedia, the free encyclopedia

Benzol
Remove ads

Benzol oder Cyclohexen (fr.: benzène) ass en ongesiedegten, rankfërmege Kuelewaasserstoff mat dräi duebele Bindungen an ass de Basisprodukt vun den aromatesche Verbindungen.

Méi Informatiounen Eegenschaften, Léislechkeet ...
Remove ads

Physikalesch Eegenschaften

Benzol ass eng flüchteg, duerchsiichteg a beweeglech Flëssegkeet mat engem aromatesche Geroch. En ass léislech am Alkohol an am Ether, mä net am Waasser an e brécht d'Liicht.

Cheemesch Eegenschaften

Verbrennung

Benzol ass liicht entzündlech a seng Dämp forméiere mat Sauerstoff gemëscht en explosiivt Gasgemësch.

Oxydatioun

Benzol gëtt net vun de gewéinlechen Oxydante KMnO4 oder K2Cr2O7 ugegraff. Mä mat vill Hëtzt an engem Katalysator reagéiert de Benzol mam Sauerstoff a verwandelt sech a Phenol.

Substitutioun

Mam Chlor forméiert Benzol eng ganz Rëtsch vu stabille, chloréierte Produiten: C6H5Cl, C6H4Cl2, C6H3Cl3, C6H2Cl4, C6HCl5, C6Cl6
Déi Reaktioune gi mat Jod katalyséiert.

Additioun

Mat Liicht reagéiert Benzol mam Chlor a verwandelt sech an Hexachlorocyclohexan, deen awer net stabil ass. Aneschters wéi bei der Substitutioun ginn hei déi dräi duebel Liaisounen zerstéiert an all H-Atom gëtt duerch e Cl-Atom ersat.

Thumb
Reaktioun mam Chlor bei der Substitution
Thumb
Reaktioun mam Chlor bei der Additioun
Remove ads

Hierstellung

Benzol gëtt duerch Distillatioun vum Godrong hiergestallt an aus dem Pëtrol extrahéiert. De franséische Cheemiker Marcellin Berthelot huet et fäerdegbruecht duerch d'Hëtze vun Acetylen ënner Drock a mat Hëllef vu Katalysatore Benzol ze produzéieren.

Uwendung

Benzol ass e Léisungsmëttel fir ganz vill cheemesch Produite wéi zum Beispill Jod, Schwiewel a Phosphor. Donieft gëtt e nach geholl fir Kautschuk a Fetter opzeléisen. E soll a loftdichte Behältere gelagert ginn.

Um Spaweck

 Commons: Benzene – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads