Bernard Herrmann

US-amerikanesche Dirigent a Komponist From Wikipedia, the free encyclopedia

Bernard Herrmann
Remove ads

De Bernard Herrmann, gebuer den 29. Juni 1911 zu New York City, a gestuerwen de 24. Dezember 1975 zu Los Angeles, war en US-amerikaneschen Dirigent a Komponist, deen duerch seng Filmkompositioune bekannt gouf. Besonnesch seng Zesummenaarbecht mam Regisseur Alfred Hitchcock, fir deen en ë. a. d'Musek fir d'Filmklassiker wéi Psycho, North by Northwest a Vertigo komponéiert huet, huet e berüümt gemaach.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Aner bekannt Filmer, fir déi en d'Musek geschriwwen huet, sinn ë. a. dem Orson Welles seng Citizen Kane (1941) an The Magnificent Ambersons (1942), d'Science-Fiction-Filmer The Day the Earth Stood Still (1951) an Journey to the Center of the Earth, dem François Truffaut seng Fahrenheit 451 a La mariée était en noir oder de Psychothriller Twisted Nerve (wouvun d'Haaptthema vum Quentin Tarantino am Kill Bill - Volume 1 erëmgebraucht gouf). Seng lescht Kompositioun war fir dem Martin Scorsese säin Taxi Driver (1975).

Remove ads

Filmographie

als Komponist

als Schauspiller

  • 1956: The Man Who Knew Too Much, vum Alfred Hitchcock
Remove ads

Filmdokumentatioun

  • Music For The Movies: Bernard Herrmann. Dokumentarfilm vum Joshua Waletzky, 1992, 58 Minutten [als DVD bei Kultur Video 2007]

Literatur

  • Steven C. Smith: A Heart at Fire's Center. Life and Music of Bernard Herrmann. University of California Press 1991, ISBN 0-52007123-9
  • Bernard Herrmann über Filmmusik und Die Filmmusiken von Bernard Herrmann in Tony Thomas: Filmmusik. Die großen Filmkomponisten - ihre Kunst und ihre Technik (Film Score). Heyne, München 1996, ISBN 3-453-09007-1, S. 189-195
  • Olaf Kiener: Bernard Herrmann - Der schwarze Romantiker, in: Filmharmonische Blätter. Heft 6/Juni 1987, S. 28-39

Um Spawek

 Commons: Bernard Herrmann – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads