Berwinne
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Berwinne oder och Berwine, op Limburgesch Berweng, op Hollännesch Berwijn ass eng belsch Baach an de Provënze Léck a Limburg. Et ass e rietsen Niewefloss vun der Meuse.
Si huet hir Quellen op enger Héicht vun 271 Meter, an enger Zoch tëscht de Lieu-diten Birven a La Vlamerie, südëstlech vun der Uertschaft Aubel an eng ronn 2 km Loftlinn südlech vum Amerikanesche Militärkierfecht vun Henri-Chapelle. Se leeft vun do aus praktesch de ganzen Zäit no Westen, laanscht oder duerch d'Uertschafte Mortoux, Bombaye, Dalhem, Berneau a Mouland. Eng ronn 2 km westlech vu Mouland leeft se beim Barrage vu Lixhe an d'Meuse. D'Berwinne ass ronn 30 km laang.
Et ass de gréisste Waasserlaf am Pays de Herve, an a sengem Dall läit d'Abtei Val-Dieu.
Seng Haaptnieweflëss sinn de Bolland, d'Bel an de Ruisseau d'Asse.
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Berwinne – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads