Bidasoa
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Río Bidasoa ass e Floss an Nordspuenien an op der Grenz mat Frankräich.
Seng Quell ass an der Géigend vun der Uertschaft Errazu an Navarra, an e leeft bei Hondarribia (Gipuzkoa) an d'Bucht vun Txingudi am Golf vu Biskaya. De Bidasoa ass 66 Kilometer laang, déi lescht 10 dovu maachen d'Staatsgrenz tëscht Spuenien a Frankräich.
D'Fasaneninsel, op Spuenesch Isla de los Faisanes am ënneschten Deel vum Floss ass neutralen Terrain. Op där Insel gouf 1659 de Pyrenäe-Fridde geschloss.
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: Bidassoa – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads