Bildformat

From Wikipedia, the free encyclopedia

Bildformat
Remove ads

D'Bildformat ass bei Film- a bei Videosopnamen de Rapport tëscht der Breet an der Héicht vum Bild dat projezéiert gëtt. Konventionell gëtt dee Rapport ëmmer als Broch ausgedréckt an deem fir d'éischt d'Breet an duerno d'Héicht ugeschriwwe gëtt an déi duerch en Duebelpunkt getrennt ginn (B:H). Déi Wäerter entspriechen entweeder enger Mooss, oder bei Video an an der Informatik der Pixelzuel vun all Säit.

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Thumb
Verglaich vun den dräi gebräichlechste Formater. Blo a rout gi meeschtens beim Film gebraucht, gréng war d'Standardformat bei der Televisioun.

Aktuell Formater déi am Kino fir d'Projektioun benotzt ginn, sinn 1,85:1, an 2,35:1, och nach als anamorph Bildopzeechnung bekannt. Fréier goufen am grousse Stil follgend Formater gebraucht:

  • Ganz am Ufank bei Stommfilmer: 1,33:1
  • Den Academy-Format oder och Standard: 1,37:1
  • Den CinemaScope: 2,55:1
  • Den Todd-AO: 2,20:1
  • VistaVision: am Ufank 1,50:1, elo tëscht 1,66:1 an 2,00:1.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads