Blaise Pascal

franséische Philosoph an Naturwëssenschaftler From Wikipedia, the free encyclopedia

Blaise Pascal
Remove ads

De Blaise Pascal, gebuer den 19. Juni 1623 zu Clermont-Ferrand, a gestuerwen den 19. August 1662 zu Paräis, war e franséische Philosoph an Naturwëssenschaftler.

op ee Bléck Pseudonym, Gebuer ...

De Blaise Pascal gouf schonn als Kand als mathematescht Genie betruecht.

Hien huet a jonke Joren eng Rechemaschinn entworf an hien huet 1647 d'Gesetz vun de kommunizéierende Réier entdeckt.

Hien ass op d'Iddi komm fir de Barometer ze benotze fir d'Héichtemeter (iwwer dem Mier) vun enger Plaz ze bestëmmen.

Remove ads

De Pascal an den Transport

Eng manner bekannt Erfindung déi him zougeschriwwe gëtt, war d'Installatioun vu reegelméissegen urbanen Transportverbindunge mat Kutschen.

Hien ass am Alter vun 39 Joer am Klouschter Port-Royal gestuerwen.

Publizéiert Wierk (Auswiel)

  • Les pensées (dem Pascal seng philosophesch Iddiën)
  • Les Provinciales (eng Apologie vum Jansenismus)

Um Spaweck

 Commons: Blaise Pascal – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads