Blois

franséische Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia

Blois
Remove ads

Blois ass eng franséisch Gemeng a Stad am Departement Loir-et-Cher an der Regioun Centre-Val de Loire. Et ass d'Prefktur vum Departement.

Méi Informatiounen Kanton, Postcode ...

Se läit op der Loire, op hallwem Wee tëscht Orléans an Tours, an der natierlecher Regioun vun der Beauce.

Remove ads

Geographie

Nopeschgemengen

Rose des vents Saint-Sulpice-de-Pommeray Villebarou La Chaussée-Saint-Victor Rose des vents
Valencisse N Vineuil
W    Blois    O
S
Valloire-sur-Cisse Chailles Saint-Gervais-la-Forêt

Geschicht

Am Mëttelalter war Blois d'Haaptstad vun der Grofschaft Blois, déi vun 832 bis 1498 bestanen huet, ier se en Deel vum Kinneklechen Domaine gouf. De Grof Louis II. vun Orléans gouf nämlech zum Kinnek Louis XII. vu Frankräich gekréint, an d'Schlass vu Blois war an der Renaissancezäit, vu 1498 bis 1589, d'offiziell Residenz vun de franséische Kinneken, ier s'op Paräis verluecht gouf.

Dono huet, vu 1617 bis 1619 d'Marie de Médicis, d'Fra vum Kinnek Henri IV. am Schlass gewunnt. Kuerz dono huet de Louis XIII. et sengem Brudder Gaston vun Orléans geschenkt, deen do bis zu sengem Doud, 1660, gelieft huet. Duerno huet de Louis XIV. et sengem Bruder Philippe vun Orléans geschenkt.

Am 20. Joerhonnert goufe wärend dem Zweete Weltkrich Deeler vun der Alstad a vum Garer Quartier vu Blois duerch Bommen zerstéiert.

Remove ads

Biller

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Blois – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads