Thrombozyt

Bluttplacketten From Wikipedia, the free encyclopedia

Thrombozyt
Remove ads

Thrombozyten oder Thrombocyten, ëmgangssproochlech och Bluttplacketten oder Bluttplättercher genannt, sinn déi klengst Komponenten am Blutt vun de Wierbeldéieren. Si ginn am Réckemuerch produzéiert a si keng vollstänneg Zelle méi, mee just Fragmenter. Hir Liewensdauer am Bluttkreeslaf läit beim Mënsch bei ongeféiert aacht bis 10 Deeg. D'Bluttplättercher ginn an der Mëlz an an der Liewer ofgebaut.

Thumb
Bluttplättercher ënnert dem Mikroskop.

Bluttplacketten hëllefen dobäi, Bluddungen ze stoppen. Wann e Bluttgefääss verletzt gëtt, hänke si sech un d'Wonn an uneneen, sou datt d'Ëffnung an där Oder zougemaach gëtt. Dobäi sënnere si Stoffer of, déi d'Coagulatioun ënnerstëtzen an den Heelungsprozess a Gang setzen.

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Thrombozyt – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads