Bombardier TRAXX

Lokomotiv From Wikipedia, the free encyclopedia

Bombardier TRAXX
Remove ads

D'Lokomotive vum Modell TRAXX, sinn eng Famill vu Lokomotiven déi d'Firma Bombardier Transportation zanter 1997 produzéiert.

Bombardier TRAXX
Thumb
Stéckzuel:~700
Constructeur:Bombardier
Baujoren:1997 bis haut
Ausmusterung:Nach a Betrib
Achsformel:Bo'Bo'
Déngschtmass:80 bis 85 Tonnen
Längt iwwer Puffer:18900 mm
Héicht ouni Pantograph:3.845 mm
Maximal Achselaascht21 Tonnen
Héchstvitesse:140 / 160 km/h
Stroumsystemer:1,5 kV Gläichstroum
3 kV Gläichstroum
15 kV 16 ⅔HzWiesselstroum
25 kV Wiesselstroum 50Hz
Leeschtung:5600 kW
Remove ads

Modeller vun der Serie 145

Méi Informatiounen Modell, Bedreiwer ...

Modeller vun de Serien 185.1 an 146.1

D'Lokomotive vun der Serie 185.1 sinn 2-System Lokomotive fir de Giddertransport, wärend d'Lokomotive vum Typ 146.1 reng 15kV Lokomotive fir de Persounentrafic sinn. Den Haaptënnerscheed ass hir Héchstvitesse vun 140 km/h fir d'185 an 160 km/h fir d'146.

Obwuel d'Serie 146 den néidegen Ekipement fir d'Zirkulatioun ënner 25 kV 50Hz huet, huet se kee 25.000 Volt Pantograph.

D'CFL 4000 sinn eng Verbindung vun béide Serien, well se nieft der 25kV Fäegkeet och en Noverkéierspak fir den Asaz mat Steierween huet.

Méi Informatiounen Modell, Bedreiwer ...
Remove ads

Modeller vun der Serie 185.2

Méi Informatiounen Modell, Bedreiwer ...

Speziell Serien

Nieft den 2 grousse Famille vun 185er Gidderzuchlokomotiven an den 146er Persounelokomotiven, huet d'Gamme TRAXX nach eng Rei méi speziell Varianten.

Bombardier TRAXX F140 MS2

Thumb
D'Traxx Serie 186

D'Bombardier TRAXX F140 MS2 ass eng Véiersystemlokomotiv fir den Asaz ënner de 4 Haaptstroumsystemer an Europa, sief et de Gläichstroumsystemer vun 1,5 kV an 3 kV an de Wiesselstroumsystemer vu 15 kV ⅔ Hz a 25 kV 50 Hz.

Déi meescht vun den ausgeliwwerte Maschinne sinn un d'Leasingfirma Angel Trains gaangen. Ënner anerem d'SNCB huet där Maschinne bei Angel Trains geleast a setzt se als Serie 28 an. An Holland ass et d'NS Hispeed 186 an an Däitschland d'Baureihe 186.

Serie E483

D'Serie E483 ass eng vun der italieenescher Societéit Trenitalia bestallte Lokomotiv fir den Asaz ënner Gläichstroum. Am Prinzip ass se näischt anescht wéi eng Serie 186 bei där d'Wiesselstroumkomponenten, wéi zum Beispill den Transformator ewechgelooss goufen.

Renfe S/253

Thumb
Renfe S/253 zu Saragossa (Aragonien).

Grad wéi Trenitalia, huet och déi spuenesch Renfe bei Bombardier Lokomotive fir Gläichstroum bestallt, awer an der spuenescher Breetspuer 1668 mm.

Serie 246

Thumb
Eng Serie 246 mat engem Charterzuch.

D'Serie 246 ass d'Äntwert vu Bombardier op eng Demande vun der däitscher Bunn no dieselelektresche Lokomotive fir den Asaz mat 160 km/h. Si kënnt haut exklusiv bei der privater Metronom AG an den Asaz.

Serie 285

Als Konterpartie zur 246, offréiert Bombardier och eng dieselektresch Gidderlokomotiv. Mä well déi mat enger Leeschtung vun 2200 kW net sonnerlech staark ass, huet se sech bis elo nach net sou gutt verkaf wéi hir elektresch Sëschteren.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Bombardier Traxx – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads