Brian Johnson

brittesche Sänger From Wikipedia, the free encyclopedia

Brian Johnson
Remove ads

De Brian Johnson, gebuer de 5. Oktober 1947 zu Dunston/Newcastle (Groussbritannien), war vun 1980 bis 2016 Sänger vun australescher Hardrock-Band AC/DC.

op ee Bléck Gebuertsnumm, Gebuer ...

De Brian hat an de fréie 70er mat der Band Geordie verschidden Optrëtter als Virgrupp vun der Band Fraternity, wou en och de Bon Scott, de Sänger vun AC/DC, kennegeléiert huet. Deen hat spéider dacks vum Jonna, wéi e mat Spëtznumm genannt gouf, geschwat. Nom Doud vum Bon hu sech d'Young Bridder dorun erënnert, a sou ass de Brian den Nofollger vum Bon Scott ginn. Zanter dem 3. Abrëll 1980 ass de Brian offizielle Sänger vun AC/DC. Den éischte Live-Optrëtt hat en den 29. Juni 1980 zu Namouer an der Belsch. Hien huet d'Band 2016 wéinst Problemer mam Gehéier verlooss

De Brian ass passionéirte Golfspiller a Biker. A senger Fräizäit dreift e sech gär an Jazz- a Beatclibb erëm an en ass e Fan vum Eric Burdon (The Animals). Ausserdeem lauschtert hien och Ray Charles, Ike & Tina Turner an Joe Cocker.

Remove ads

Fréier Bands

  • 1972 bis 1975: USA (spéider ëmbenannt an Geordie)
  • 1979 bis 1980: Geordie (nei forméiert)
  • 1980 bis 2016: AC/DC

Discographie

Soloalbumen

  • 1982: Strange Man
  • 2007: Totally Baked Soundtrack

Albume mat Geordie

  • 1973: Hope You Like It
  • 1974: Don't Be Fooled by the Name
  • 1976: Save the World
  • 1978: No Good Woman

Albume mat AC/DC

  • 1980: Back in Black
  • 1981: For Those About to Rock We Salute You
  • 1983: Flick of the Switch
  • 1985: Fly on the Wall
  • 1986: Who Made Who
  • 1988: Blow Up Your Video
  • 1990: The Razors Edge
  • 1992: Live
  • 1995: Ballbreaker
  • 2000: Stiff Upper Lip
  • 2008: Black Ice
  • 2014: Rock or Bust
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads