Broutschéiss
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Eng Broutschéiss (dt. Brotschieber, fr. planche à pain) ass en Handwierksgeschier dat vun de Bäckere benotzt gëtt fir d'Brout, Pizzaen an anert Gebäck an de Bakuewen eran ze "schéissen" an och nees erauszehuelen. Si ass normalerweis aus Holz, mat enger flaacher Uewerfläch, mat engem laange Grëff, mä kann awer och aus engem Blech bestoen un deem en hëlzene Grëff ass.

D'Broutschéiss erlaabt et dem Bäcker d'Bakwueren an den Uewen ze leeën, ouni datt e sech verbrennt, an ouni datt den Deeg sech verformt. Fir datt den Deeg net un der Broutschéiss hänke bleift, gëtt se mat Miel bestreet.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads