CS Gréiwemaacher
lëtzebuergesche Foussballclub zu Gréiwemaacher From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den CS Gréiwemaacher (offiziell C.S. Grevenmacher) ass e lëtzebuergesche Foussballclub zu Gréiwemaacher.
Remove ads
Geschicht
Den CSG gouf tëscht August an Oktober 1908 als Stade Mosellan Grevenmacher gegrënnt an ass d'Joer drop Member an der Federatioun ginn. 1914 krut de Veräi säin haitegen Numm. D'éischt Härenekipp vu Gréiwemaacher war tëscht 1994 an 2002 siwe vun néng Kéiere Lëtzebuerger Vizechampion ier et dunn an der Saison 2002/2003 fir de Champion duergaangen ass. Déi Maacher hunn dat Joer souguer nach den Doublé gepackt andeems se d'Coupe de Luxembourg gewonnen hunn. D'Coupe hu si dräi weider Kéiere gewonnen.
Den CSG spillt seng Matcher am Stade op Flohr zu Gréiwemaacher. De Stade huet Plaz fir 4.000 Leit, dovu 500 Sëtzplazen op der gedeckter Tribün.
Remove ads
Nationaldivisioun bis 1. Divisioun
Den CSG huet onënnerbrach vun 1985 bis 2016 an der héchster lëtzebuergescher Fussballdivisioun gespillt. Aktuell spillt de Miseler Veräin awer an der 1. Divisioun. An der Saison 2015/16 huet den C.S.G. no 31 Joer missen aus der ierwegter Nationaldivisioun ofsteigen. An der Eierepromotioun konnt ee sech awer och net laang behaapten. Wärend der Saison 2016/17 huet ee sech am Barragematch Eierepromotioun/1. Divisioun 2 zu 0 géint Minerva Lëntgen behaapt a konnt soumat nach mat vill Gléck an der Divisioun bleiwen. Déi Saison drop ass et awer op direktem Wee Richtung 1. Divisioun gaangen.
Remove ads
Nationale Palmarès
- Champion (1x): 2003
- Vizechampion (7x): 1994, 1995, 1996, 1997, 2000, 2001, 2002
- Gewënner (3x): 1995, 1998, 2003
- Finalist (4x): 1951, 1953, 1954, 1959
Europäesch Kompetitiounen
Gréiwemaacher war 2004 no drun eng Ronn am UEFA Intertoto Cup (UI Cup) géint d'Finne vun Tampere virun ze kommen. Nodeem zweemol gläichgespillt gouf (1-1, 0-0), huet den CSG wéinst der Auswäertsgoalreegel um Enn awer de kierzere gezunn.
{{{1}}}
Remove ads
Um Spaweck
- (fr) (de) Websäit vum CS Gréiwemaacher
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads