C/2013 A1 (Siding Spring)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den C/2013 A1 (Siding Spring) ass e Koméit aus der Oort-Wollek. Hie gouf den 3. Januar 2013 vum Robert McNaught um Siding Spring Observatoire mat engem Schmidt-Teleskop entdeckt. Nodréiglech gouf erkannt, datt schonn den 8. Dezember 2012 Biller mam Catalina Sky Survey opgeholl goufen. Bei senger Entdeckung war de Koméit 7,2 AE vun der Sonn ewech.
C/2013 A1 (Siding Spring) | |
---|---|
![]() | |
Orbittyp | hyperbolesch |
Grouss Hallefachs | ? |
Perihel | 1,3996 AE |
Aphel | ? AE |
Numeresch Exzentrizitéit | 1.00038 |
Perihelduerchgank | 25. Oktober 2014 |
Ëmlafdauer | |
Ëmlafvitess | |
Physikalesch Eegenschafte vum Kär | |
Duerchmiesser | ? |
Entdecker Robert H. McNaught | |
Entdeckungsdatum | 3. Januar 2013 |
Aner Bezeechnungen |
Remove ads
Laanschtfluch beim Planéit Mars
De Koméit ass den 19. Oktober 2014 um 20:27 Auer MESZ mat enger Vitess vun 203.000 km/h op enger Distanz vu ronn 140.000 Kilometer laanscht de Planéit Mars gezunn. Den Laanschtfluch gouf aus dem All a vum Mars aus vun op d'mannst 16 Instrumenter observéiert, dorënner vum Hubble-Weltraumteleskop, dem Mars Science Laboratory an der Raumsond Mars Atmosphere and Volatile Evolution[1]
Kuckt och
Um Spaweck
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads