CALIPSO

From Wikipedia, the free encyclopedia

CALIPSO
Remove ads

De CALIPSO (Cloud-Aerosol Lidar and Infrared Pathfinder Satellite Observations) ass en amerikanesch-franséischen Äerdobservatiounssatellit vun der NASA an dem CNES. De CALIPSO erfuerscht d'Aflëss vu Wolleken an Aerosolen op d'Wieder an d'Loftqualitéit op der Äerd. E gehéiert zum Fuerschungsprogramm EOS, deen eng Rei vun Ëmweltsatellitte bedreift.

CALIPSO
Thumb
Den Äerdobservatiounssatellit CALIPSO
TypÄerdobservatiounssatellit
Land USA/ Frankräich
AgenturNASA / CNES
COSPAR-Bezeechnung2006-016A
Apogeum703 km
Perigeum701 km
Bunnschréi57,0°
Mass587 kg
Bunn-Ëmlafzäit98,5 min
Exzentrizitéit
Start28. Abrëll 2006, 10:02 UTC
StartplazVandenberg SLC-2W
DrorakéitDelta 7420-10C D314
Statusam Orbit
Thumb
De CALIPSO bei de Startvirbereedungen op der Vandenberg-Base
Thumb
Instrumenter vum CALIPSO
Remove ads

Missioun

De CALIPSO schafft op enger 700 km héijer, sonnesynchroner Ëmlafbunn a flitt mam Satellit CloudSat, deen och d'Wolleke studéiert, souwéi nach véier aner Ëmweltsatellitten (Aura, Aqua, PARASOL an OCO-2) a Formatioun. Déi sechs Satellitte bilden zesummen den A-Train.

De CALIPSO gouf no siwe Startversich den 28. Abrëll 2006 gestart. De Satellit war fir eng Missiounsdauer vun dräi Joer ausgeluecht, d'Benotzung gouf awer verlängert.

Remove ads

Instrumenter

Cloud-Aerosol Lidar with Orthogonal Polarization (CALIOP)

CALIOP stellt mat Hëllef vun engem Laser héichopgeléist vertikal Profiller vu Wolleke hir. Dobäi gëtt mat verschiddene Wellelängten an engem Empfängerteleskop (1 Meter Duerchmiesser) geschafft.

Imaging Infrared Radiometer (IIR)

Dee System schafft am Infraroutberäich mat Wellelängten tëscht 8 an 12 µm. Dobäi gëtt all Kéier de selwechte Bilddetail observéiert deen de CALIOP grad analyséiert.

Wide Field Camera (WFC)

Déi Kamera ass virun allem am Beräich vu 645 nm Wellelängt empfindlech a mécht Biller vun der Äerduewerfläch.
Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

 Commons: CALIPSO – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

    Loading related searches...

    Wikiwand - on

    Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

    Remove ads