CFL 800

From Wikipedia, the free encyclopedia

CFL 800
Remove ads

D'CFL 800 war eng Serie vu sechs dieselelektresche Lokomotiven déi d'CFL 1954 ugeschaaft hat. Se waren haaptsächech am Rangéierdéngscht an der Minettsgéigend aktiv a goufe just geleeëntlech fir d'Tractioun vu Gidderzich agesat. Wéi 1982 déi nei Rangéiergare vu Beetebuerg a Betrib geholl gouf, goufen déi meescht dervun do beschäftegt.

op ee Bléck Constructeur, Bedreiwer ...
Thumb
D'CFL 804 an der Gare Lëtzebuerg am Oktober 2013

Se ware vun 801 bis 806 numeréiert. Speziell un där Lokomotiv ass, datt et dee Modell an Europa nëmmen um lëtzebuergeschen Eisebunnsnetz gouf. D'Lokomotiv hat sech vun Ufank un als zouverlässeg a robust ervirgedoen, soudatt d'CFL, déi amgaange war déi lescht mëttelschwéier Damplokomotiven auszerangéieren, nach 13 Stéck wollt nobestellen. Well déi franséisch Firma Brissoneau & Lotz awer eng besser Präisoffer hat wéi d'AFB, krut déi den Zouschlag fir déi Liwwerung. Dat waren dunn déi 13 Nénghonnerter vun der Serie 850/900

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: CFL 800 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads