Canon EOS Digital-Fotoapparaten

Famill vu Spigelreflex-Fotoapparaten a Wiesselobjektiven From Wikipedia, the free encyclopedia

Canon EOS Digital-Fotoapparaten
Remove ads

Den EOS-System (Electro-Optical System) vu Canon ass eng Famill vu Spigelreflex-Fotoapparaten a Wiesselobjektiven, déi dobäi passen. Deen éischte Fotoapparat iwwerhaapt, deen den Numm EOS gedroen huet gouf 1987 virgestallt, dat war natierlech ee fir Klengbild-Filmer.

Thumb
Canon EOS Logo
Thumb
D'Canon 7D

Am Joer 1995 gouf déi éischt digital Canon EOS virgestallt.

Fir digital Spigelreflex-Fotoapparate mat méi klenge Bildsensoren, am Verglach mam Klengbildformat huet Canon speziell Objektiver produzéiert.

Well bei deene méi bëllegen digitalen EOS Modeller d'CCD-Chip-Fläch mat 22.2 x 14.8mm däitlech méi kleng ass wéi d'Negativ vun enger Klengbildformat-Foto (24x36 mm), kënnt et zu engem sougenannte Verlängerungsfacteur (Crop-Facteur): Bei deene selwechten opteschen Eegenschafte vum Objektiv kënnt et zu engem méi klenge Bildausschnett wéi bei engem analogen Apparat mat Klengbildfilm, deen deem vun enger mam Crop-Facteur multiplizéierter Brennwäit entsprécht.

Sou huet de EOS 300D an deem säin Nofollger de EOS 350D e Verlängerungsfacteur vun 1,6. Doduerch huet e 50mm-Objektiv un enger EOS 350D de selwechte Bildauschnëtt wéi en 80mm-Objektiv un enger Klengbild-Spigelreflex.

Remove ads

Modeller

Méi Informatiounen Modellbezeechnung, Sensor-Opléisung (a Megapixel) ...
Méi Informatiounen Modellbezeechnung, Sensor-Opléisung (a Megapixel) ...

* speziell ausstafféiert mat Filtere fir Astrofotografie

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Canon EOS Digital-Fotoapparaten – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads