Carsharing

gemeinschaftlech Notzung vun Autoen From Wikipedia, the free encyclopedia

Carsharing
Remove ads

Carsharing (och (fr) autopartage oder (de) Auto-Teilen) ass e Mobilitéitskonzept, an deem Autoen net am perséinleche Besëtz sinn, mee vun enger Grupp vu Leit gedeelt ginn. Den Zougang zu de Gefierer gëtt iwwer digital Plattformen organiséiert, an d'Benotze gëtt typescherweis op Basis vun der Zäit an / oder der Distanz verrechent.

Thumb
Däitscht Verkéiersschëld "Carsharing-Gefierer erlaabt"

Et gëtt haaptsächlech zwou Forme vu Carsharing:

  • Statiounsbaséierte Carsharing: d'Gefierer ginn op feste Standuerter ewechgeholl an zeréckbruecht;
  • Free-floating Carsharing: d'Gefierer kënnen an engem definéierte Gebitt flexibel ofgestallt ginn.

Carsharing gëtt ëmmer méi als Alternativ zum individuellen Autosbesëtz ugesinn, besonnesch an urbanen Zone mat engem gudden ëffentleche Verkéiersreseau.

Remove ads

Situatioun zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg ass Carsharing en Deel vun enger méi breet ugeluechter Mobilitéitsstrategie, déi sech op d'Multimodalitéit an op d'Reduktioun vum privaten Autosverkéier konzentréiert. Besonnesch an der Stad Lëtzebuerg a bei Garen uechter d'Land ass d'Offer an de leschte Joren opgebaut ginn.

Flex

Thumb
Flex-Gefierer

De Service Flex gëtt vun der CFL bedriwwen. Et handelt sech ëm e statiounsbaséierte Carsharing-System, bei deem d'Autoen op wichtege Garen zur Verfügung stinn. Flex kann iwwer eng App oder Internetsäit reservéiert ginn, an d'Autoe mussen nees an déi Statioun zeréckbruecht ginn, wou se ewechgeholl goufen.

Carloh

Thumb
E Carloh-Auto

Carloh war de Carsharing-Service vun der Stad Lëtzebuerg. Et huet sech och ëm e statiounsbaséierte System mat Autoen op verschiddene Parkplazen an der Haaptstad gehandelt. D'Reservatioun ass iwwer leeft iwwer eng online Plattform gelaf. Den Auto muss nees an déi Statioun zeréckbruecht ginn, wou en ewechgeholl gouf. Den 1. Januar 2026 gouf de Carloh Carsharing-Service an de Flex Service integréiert ginn.

City Mov'

City Mov', war e Carsharing- a Vëlolocatiounsservice deen an der Nordstad (vun 2013 un) an zu Hesper (vun 2015 un) funktionéiert huet. E gouf tëscht September an Dezember 2018 lues a lues fir zerguttst zougemaach, an an de Flex Service integréiert.

Remove ads

Politesche Kontext

Carsharing passt an de Mobilitéitsplang 2035 vun der Regierung, deen d'Multimodalitéit an nohalteg Mobilitéitsformen fërdert. E gëtt als wichtegt Mëttel ugesinn, fir d'Verkéiersbelaaschtung an d'CO₂-Emissiounen ze reduzéieren.

Virdeeler a Kriticken

De Carsharing reduzéiert d'Zuel vun de Gefierer an de Stied an d'Käschte fir d'Benotzer.

Kritikpunkte sinn absënns:

  • eng limitéiert geographesch Disponibilitéit,
  • ze vill héich Präisser fir méi laang Strecken,
  • d'Ofhängegkeet vun engem digitalem Zougang (App, Internetzougang),
  • eng potenziell Onsécherheet bei spontanen Demanden.

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Carsharing – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads