Charles Dickens

englesche Schrëftsteller (1812–1870) From Wikipedia, the free encyclopedia

Charles Dickens
Remove ads

Den Charles John Huffam Dickens, gebuer de 7. Februar 1812 zu Landport bei Portsmouth, a gestuerwen den 9. Juni 1870 zu Gads Hill Place, war en englesche Schrëftsteller.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Pseudonym ...
Remove ads

Säi Liewen

Wéinst de finanzielle Schwieegkeete vu sengem Papp huet den Charles Dickens seng Schoulausbildung missen ofbriechen a missen als Hëllefsarbechter schaffe goen.

Den Dickens gouf schliisslech Assistent bei engem Affekot, Geriichtsreporter a Parlamentsstenograf. Als Journalist vum Morning Chronicle huet den Dickens brillant Reportagen an 1836 seng Sketches by Boz (woubäi Boz dem Dickens säi Pseudonym war) geschriwwen.

An de Joren 1836/37 gouf den Dickens mat senge Pickwick Papers bekannt.

Wëll hien dacks Fortsetzungsromaner fir verschidden Zeitunge geschriwwen huet, huet hien dacks u méi Romane gläichzäiteg geschriwwen.

Sou ass ënner anerem 1838 säi weltberüümte Roman Oliver Twist an 1850 den deelweis autoibigraphische Roman David Copperfield entstanen.

Duerno gouf den Charles Dickens Editeur vun der bekannter radikal-liberaler Zeitung Daily News.

1868 huet hien de Landsëtz Gads Hill Place kaaft an huet doraus en Treffpunkt fir englesche Kënschtler gemaach.

Remove ads

Wierker

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck

Commons: Charles Dickens – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads