Claude Cheysson

From Wikipedia, the free encyclopedia

Claude Cheysson
Remove ads

De Claude Cheysson, gebuer den 13. Abrëll 1920 zu Paräis, an och do de 15. Oktober 2012 gestuerwen[1] war e franséischen Diplomat (ë. a. Ambassadeur) a Politiker (PS).

Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...

De Cheysson huet op der École polytechnique an op der ENA studéiert an huet duerno Carrière am Ausseministère gemaach. Hie war ë. a. vun 1952-54 Conseiller fir Indochina, vun 1954-55 Chef de cabinet vum Premierminister Pierre Mendès-France a vun 1957-62 Generalsekretär vun der Kommissioun fir Technesch Zesummenaarbecht an Afrika. Vun 1966 bis 1969 war en Ambassadeur an Indonesien.

Vun 1973 bis 1981 war hien Europäesche Kommissär fir Entwécklung an humanitär Hëllef.

1981 bis 1984 war de Cheysson no der Victoire vum François Mitterrand Ausseminister an der Regierung vum Premier Pierre Mauroy. Vun 1985 bis 1989 war hien nees Member vun der Europäescher Kommissioun, dës Kéier zoustänneg fir Mëttelmierpolitik an d'Nord-Süd-Relatiounen. 1989 gouf hie, fir 5 Joer, an dEuropäescht Parlament gewielt.[2]

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Claude Cheysson – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads