Client-Server-Modell

From Wikipedia, the free encyclopedia

Client-Server-Modell
Remove ads
Remove ads

De Client-Server-Modell ass e Modell aus der Informatik a beschreift d'Méiglechkeet, Aufgaben an Déngschter an engem Computernetzwierk ze verdeelen. Déi Aufgabe gi vu Computerprogrammer gemaach, déi a Clients an a Serveren ënnedeelt sinn.

Thumb
En Diagramm vun engem Computernetzwierk (inklusiv mobil Apparater) vu Clients, déi mat engem Server iwwer Internet kommunizéieren. Souwuel d'Clients wéi och de Server si Kniet (Kommunikatiounspunkten) an deem Netzwierk. D'Organisatioun vun de Kniet am Netzwierk heescht Netzwierktopologie.

De Client kann op Wonsch en Déngscht vum Server ufuerderen. Der Server (oder ""Host") äntwert op déi Ufuerderung. De Server kann um selwechte Computer sinn, mee ass dacks op engem anere Computer am selwechten Netzwierk.

Generell kann ee Server fir méi wéi ee Client gläichzäiteg schaffen, an e Client ka mat méi wéi engem Server kommunizéieren.

Remove ads

Referenzen

    Loading related searches...

    Wikiwand - on

    Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

    Remove ads