Codex Aureus Escorialensis
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Codex Aureus Escorialensis, och Speyerer Evangeliar, gouf am 11. Joerhonnert am Benediktinerklouschter vun der Iechternacher Abtei geschriwwen a gemoolt. En ass haut an der Real Biblioteca de San Lorenzo de El Escorial ze bewonneren.
| Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

D'Gëllen Evangeliebuch aus El Escorial, ee vun deene schéinste Codices aus der karolengescher Zäit gouf fir de Keeser Heinrich III. gemaach. E besteet aus 340 Säiten an enthält eng Sammlung vun de véier Evangelien. Wéi säin Numm et seet (aureus = gëllen) si grouss Partien aus rengem Gold geschriwwen.
Den Text vun den Evangelien ass op zwou Kolonne verdeelt. D'Schrëft ass zimmlech grouss a ganz harmonesch, ouni siichtbar Korrekturen. De Codex zeechent sech aus duerch e ganze Koup Rummen an Dekoratiounen. Am schéinst sinn déi Säiten, op deenen d'Evangelisten ze gesi sinn, an déi éischt Wierder vun hiren Evangelien.
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Codex Aureus of Speyer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
