Decisiounsinstanz vun der Europäescher Unioun From Wikipedia, the free encyclopedia
De Conseil ass déi wichtegst Decisiounsinstanz vun der Europäescher Unioun. Hien ass et, deen (an de meeschte Fäll) zesumme mam Europäesche Parlament d'Reglementer an Direktiven unhëlt, déi dann an alle Memberstaate gëllen, respektiv mussen an nationaalt Recht transposéiert ginn.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Decisiounsinstanz vun der EU. Fir déi reegelméisseg Sommete vun den EU-Staats- a Regierungscheffen, kuckt wgl. Europäesche Conseil. |
De Conseil representéiert d'Memberstaate vun der EU doduerch, datt hei d'Ministeren aus de nationale Regierunge vun de Memberlänner beienee kommen. Et sinn ëmmer déi Ministeren, déi fir deen Dossier responsabel sinn, iwwer deen et ze decidéiere gëtt: geet et zum Beispill ëm eng Direktiv aus dem Ëmweltberäich, sinn et déi 27 Ëmweltministeren, déi am "Ëmweltconseil" doriwwer ofstëmmen.
Et gëtt am Ganzen zéng Zesummesetzungen, an deenen de Conseil zesumme ka kommen:
All Minister schwätzt am Numm vu senger Regierung, an ass viru sengem nationale Parlament dofir verantwortlech, wat en am Conseil mécht. Et kënnt nawell vir, datt Ministeren doheem vun Direktive schwätzen, déi "Bréissel" decidéiert huet, an dobäi gär "vergiessen", datt si selwer dës Decisioun matgedroen hunn.
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
De Conseil erfëllt sechs fundamental Funktiounen:
Déi véier éischt Responsabilitéite betreffe "communautaire" Sujeten, d. h. déijéineg, bei deenen d'Memberstaaten hir Souveränitéit doriwwer zesummegeluecht an den Institutioune vun der EU iwwerdroen hunn. Et seet een och alt "éischte Pillier" dozou.
Déi zwou lescht nennt een "zweeten" an "drëtte Pillier" vun der EU. Heibäi handelt et sech ëm Domainen, bei deenen d'Memberstaate weiderhin d'Soen hunn, mä tëschteneen ("inter-gouvernemental") zesummeschaffen. Beim zweete Pillier ass dat z. B. en Arméikontingent vu 60.000 Leit, déi bannent kuerzer Zäit aus den nationalen Arméien zesummegezu ka ginn, fir a Krisegebitter geschéckt kënnen ze ginn. Deen drëtte betrëfft virun allem Zesummenaarbecht an Informatiounsaustausch bei Schwéierkriminalitéit, Drogenhandel, Geldwäscherei, Terrorissem, asw. Dës zwee Piliere sinn nach am Opbau.
De Conseil huet säi Sëtz zu Bréissel, am Justus-Lipsius-Gebai um Rond-point-Schuman, vis-à-vis vun der Europäescher Kommissioun. D'Ministere kommen do 9 Méint am Joer zesummen. Am Abrëll, Juni an Oktober hu se hir Reuniounen zu Lëtzebuerg.
All Memberstaat huet zu Bréissel eng permanent Ekipp ("Representatioun"), mat un der Spëtzt dem Ambassadeur bei der EU, déi seng Interesse verdeedegt.
Dës Ambassadeure kommen all Woch am COREPER ("Comité des Représentants Permanents") zesummen, fir dem Conseil zouzeschaffen an d'Decisiounen déi en hëlt, ze preparéieren.
Fir datt kee Land sech soll vun engem anere bevirdeelegt villen, ännert dem Conseil seng Presidence all 6 Méint.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun.
D'Generalsekretärin paakt der Presidence eng Hand un, andeems si (mat hire Beamten) derfir suergt, datt d'Aarbechten am Conseil op allen Niveauen ouni Problemer lafen.
Zanter 2022 ass d'Thérèse Blanchet Generalsekretärin vum Conseil.
Am Conseil gëtt ofgestëmmt. Dobäi huet e Land ëm sou méi Stëmme, wat et méi grouss ass, woubäi d'Gewiichtung liicht zu Gonschte vun deene méi klenge Länner geet.
Vum 1. Februar 2020 u sinn d'Stëmme sou verdeelt:
Fir datt eng Propositioun ugeholl gëtt brauch se meeschtens eng "qualifizéiert Majoritéit". Dës ass dann erreecht, wann op d'mannst d'Hallschent (heiansdo och zwee Drëttel) vun de Memberlänner dofir sinn an op d'mannst 232 Stëmmen zesummekommen (déi och nach 62% vun der EU-Populatioun musse representéieren).
Heiansdo, bei méi kriddelege Beräicher, wéi der Baussen- a Sécherheetspolitik, der Steierpolitik oder der Asyl- an Immigratiounspolitik, ass Unanimitéit gefrot; all 27 Länner mussen d'accord sinn. Dat heescht ëmgedréint, datt an dëse Beräicher all eenzele Memberstaat e Vetos-Recht huet.
De Conseil vun der Europäescher Unioun däerf net verwiesselt gi mam Europäesche Conseil, d. h. dem Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen, dee véiermol am Joer gehale gëtt fir déi "grouss" europäesch Theemen ze beschwätzen.
Och net ze verwiesselen ass e mam Europarot (op Franséisch: Conseil de l'Europe), dee säi Sëtz zu Stroossbuerg huet, an deen näischt direkt mat der EU ze dinn huet, mä eng international Organisatioun ass, där hir Memberschaft wäit doriwwer erausgeet.
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |
Commons: Conseil vun der Europäescher Unioun – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.