Cornelia Froboess

däitsch Ssängerin a Schauspillerin From Wikipedia, the free encyclopedia

Cornelia Froboess
Remove ads

D'Cornelia Froboess, gebuer den 28. Oktober 1943 zu Wriezen, ass eng däitsch Schlagersängerin a Schauspillerin.

Séier Fakten Pseudonym, Gebuer ...
Thumb
D'Cornelia Froboess beim Grand Prix Eurovision 1962
Thumb
D'Cornelia Froboess op der Berlinale 2010

Am Mee 1951 stoung si fir d'éischt op der Bün als Die kleine Cornelia mam Schlager Pack die Badehose ein. Aus dem Kannerstar ass dann an den 1960 Joren d'Conny en Teenager-Idol ginn. Mat dem Schlager Zwei kleine Italiener hat se net nëmmen an Däitschland e groussen Erfolleg.

1962 huet si Däitschland mam Lidd "Zwei kleine Italiener" beim Eurovision Song Contest an der Stad Lëtzebuerg vertrueden. Si koum op déi 6. Plaz mat 9 Punkten.

Vun 1959 bis 1967 war si a ville sougenannte Schlagerfilmer mat Schauspiller a Sänger wéi Peter Alexander, Peter Kraus, Heinz Erhardt, Rudolf Prack, Waltraut Haas a Peter Weck ze gesinn. Eng Ausnam war am Joer 1962 de franséisch-däitsche Film Le caporal épinglé, vum Jean Renoir mam Jean-Pierre Cassel a Claude Brasseur.

Vun 1972 bis 2001 war si feste Member vun de Münchner Kammerspiele. Nieft dem Theater trëtt si awer nach a villen TV-Filmer op. Si spillt och nach geleeëntlech an intressante Filmer mat wéi Rheinsberg (1967) vum Kurt Hoffmann, Die Sehnsucht der Veronika Voss (1982) vum Rainer Werner Fassbinder an Knockin' on Heaven's Door (1997) vum Thomas Jahn mat dem Thierry van Werveke an enger Haaptroll.

Si ass zanter 1967 mam Theaterregisseur an Intendant Hellmuth Matiasek bestuet.

Remove ads

Filmographie

Kino

TV (Auswiel)

  • 1952: Eine nette Bescherung, vum Charlotte Mentzel
  • 1963: Sophienlund, vum Helmut Weiss
  • 1965: Wahn oder Der Teufel in Boston, vum Gerhard Klingenberg
  • 1965: Ein Wintermärchen, vum Gerhard Klingenberg
  • 1966: Wo wir fröhlich gewesen sind, vum Gerhard Klingenberg
  • 1966: Bei Pfeiffers ist Ball, vum Thomas Engel
  • 1967: Die Schule der Frauen, vum Otto Tausig
  • 1967: Im Ballhaus ist Musike - Ein Altberliner Tanzvergnügen, vum Thomas Engel
  • 1968: Mathilde Möring, vum Claus Peter Witt
  • 1968: Im Ballhaus wird geschwoft, vum Thomas Engel
  • 1968: Die Wilde, vum Gerhard Klingenberg
  • 1969: Der Bürger als Edelmann, vum Hellmuth Matiasek
  • 1971: Der Wald, vum Wolfgang Glück
  • 1971: Der Kommissar (TV-Serie, 1. Episod)
    • Der Tod des Herrn Kurusch, vum Theodor Grädler
  • 1972: Weh dem, der lügt, vum Ernst Hausman
  • 1973: Liebe mit 50, vum Günter Gräwert
  • 1974: Auguste Bolte, vum Gerd Winkler
  • 1975: Glückliche Reise, vum Eugen York
  • 1975: Polly oder Die Bataille am Bluewater Creek, vum Jürgen Flimm
  • 1977-1993: Derrick (TV-Serie, 6 Episoden)
    • 1977: Via Bangkok, vum Theodor Grädler
    • 1978: Ute und Manuela, vum Helmut Ashley
    • 1982: Eine Falle für Derrick, vum Theodor Grädler
    • 1988: Das Ende einer Illusion, vum Günter Gräwert
    • 1990: Des Menschen Feind, vum Günter Gräwert
    • 1993: Nach acht langen Jahren, vum Helmut Ashley
  • 1979: Noch 'ne Oper, vum Claus Peter Witt
  • 1979: Balthasar im Stau, vum Rudolf Jugert
  • 1980: Der Regenmacher, vum Ludwig Cremer
  • 1980-2010: Der Alte (TV-Serie, 3 Episoden)
    • 1980: Mord nach Plan, vum Theodor Grädler
    • 1991: Kälter als der Tod , vum Zbynek Brynych
    • 2010: Oder du stirbst, vum Marcus Ulbricht
  • 1981: Das Käthchen von Heilbronn oder: Die Feuerprobe, vum Peter Beauvais
  • 1983: Ein Fall für Zwei (TV-Serie, 1 Episod)
    • Das Opfer, vum Michael Lähn
  • 1994: Praxis Bülowbogen (TV-Serie, 11 Episoden)
  • 1994: 1945, vum Peter Patzak
  • 1995: Fesseln, vum Xaver Schwarzenberger
  • 1996: Angst hat eine kalte Hand, vum Matti Geschonneck
  • 1996: Der Sohn des Babymachers, vum Susanne Zanke
  • 1997: Koerbers Akte: Kleines Mädchen - großes Geld, vum Bernd Böhlich
  • 1997: Koerbers Akte: Tödliches Ultimatum, vum Bernd Böhlich
  • 2000: Hirnschal gegen Hitler, vum Hans-Christoph Blumenberg
  • 2000: Tatort : Mord am Fluss, vum Klaus Gietinger
  • 2004: Die eine und die andere, vum Dieter Dorn
  • 2004: Stärker als der Tod, vum Nikolaus Leytner
  • 2010: Die Schwester, vum Margarethe von Trotta
  • 2011: Eine halbe Ewigkeit, vum Matthias Tiefenbacher
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Cornelia Froboess – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads