CubeSat
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
CubeSat ass en internationale Programm deen 1999 vun der Stanford University a vun der California Polytechnic State University initiéiert gouf a mat deem ee käschtegënschteg Klengsatellitten an eng Ëmlafbunn brénge kann.


Spezifikatioun
Dofir gouf e standardiséiert Format gemaach, deem déi Satellitten entsprieche mussen: Si hunn an der Standardform (1U von (U = unit) fir eng Eenheet) Ofmiessunge vun 10 cm × 10 cm × 10 cm an e Gewiicht vu maximal 1,33 kg. D'Satellitte ginn an enger spezieller Startvirriichtung (Poly Picosatellite Orbital Deployer oder P-POD), déi dräi CubeSats ophuele kann, als Sekundärnotzlascht bei Satellittestarte matgeholl. Ausserdeem gouf vum japaneschen Titech eng Startvirriichtung fir eenzel CubeSaten entwéckelt.
Als Vergréisserung vum CubeSat-Format sinn och duebel (2U, 20 cm × 10 cm × 10 cm, 2 kg) an dräifach (3U, 30 cm × 10 cm × 10 cm, 3 kg) CubeSate méiglech.
Remove ads
Kuckt och
- Lëscht mat Cubesat-Satellitten
- Amateurfunksatellit
Um Spaweck
| Commons: CubeSat – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) CubeSat-Homepage
- (en) Lëscht mat CubeSat-Missiounen
- (en) eoPortal
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
