Deep Space 1

From Wikipedia, the free encyclopedia

Deep Space 1
Remove ads

D'Deep Space 1 (oder kuerz DS1) war eng US-amerikanesch Raumsond, déi am Joer 1998 fir Erfuerschung vun engem Asteroid an engem Koméit gestart gouf. DS1 war déi éischt Missioun am Kader vum "New Millennium Program" fir d'Fuerschung no neien Technologien.

Thumb
Deep Space 1 (NASA)
Thumb
Deep Space 1 gëtt fir Tester virbereet
Thumb
Foto vum NSTAR-Ionenundriff vun der Raumsond

Missioun

Am Kader vun der Missioun Deep Space 1 (op lëtz.: déiwe Raum) sollten haaptsächlech nei Technologien – ganz besonnesch en Xenon-Ionenundriff – ausprobéiert ginn. Als Zilobjet war den Asteroid Braille (Katalogbezeechnung: 1992 KD1) ausgewielt ginn. Bei der Missioun war och Däitschland bedeelegt.

Den Numm vun der Sond hat d'NASA wéinst de getesten Technologie fir Déif-Raum-Missiounen erausgesicht.

Remove ads

Verlaf

  • Deep Space 1 war de 24. Oktober 1998 op enger Delta-II-Drorakéit gestart ginn.
  • Den Asteroid (9969) Braille gouf vun der Sond den 29. Juli 1999 op nëmme 26 km Distanz passéiert. Et konnte vill Donneeën empfaange ginn, awer duerch eng falsch Ausriichtung vun der Kamera nëmme wéineg Biller aus grousser Distanz.
  • Well nach Reaktiounsmass am Ionenundriff war, ass d'Sond den 22. September 2001 op enger Distanz vun 2200 km laanscht de Koméit 19P/Borrelly geflunn. Déi Kéier konnten net nëmmen Donneeën, mä och vill Biller gewonne ginn.
  • Den 18. Dezember 2001 gouf de3n Deep Space 1 ofgeschalt.
Remove ads

Resultater

Deep Space 1 war an technescher Hisiicht e vollen Erfolleg, de Ionenundriff hat sech bewäert. Och a wëssenschaftlecher Hisiicht konnt Deep Space 1 ettleches fir sech verbuchen, dorënner déi éischt Miessung vun engem Asteroidemagnéitfeld beim Braille.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Deep Space 1 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads