Departement Creuse
franséischt Departement From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Departement Creuse (23) ass e franséischt Departement, an der Regioun Nei-Aquitaine. Et krut säin Numm vum Floss Creuse deen derduercht leeft.
D'Creuse ass en Departement am Norweste vum Massif central an d'Prefecture ass zu Guéret. Praktesch dat ganzt Departement besteet aus fiichte Géigenden an Heckelandschaften. Am Süde läit d'Montagne limousine ma Plateau vu Gentioux deen zum Plateau de Millevaches ghéiert, an d'Héichte vu La Courtine, mat Heedlandschaften. Déi héchst Plaz läit op 936 m am Bësch vu Châteauvert, zu Saint-Oradoux-de-Chirouze. Den Norweste besteet aus den Hiwwele vun der Marche wou haaptsächlech Véizuucht bedriwwe gëtt, an am Osten an der Marche de Combraille gi Kären ugebaut. Ausser der Tapisserie vun Aubusson an e puer Betriber déi Holz verschaffe gëtt et keng dichteg industriell Aktivitéit am Departement.
Am Südweste vum Departement läit de groussen Arméiscamp Camp de La Courtine.
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Creuse – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads