Diddeleng

Haaptuertschaft vun der Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia

Diddeleng
Remove ads

Diddeleng ass eng Kadastersektioun an der Gemeng Diddeleng déi, bis Diddeleng de 4. August 1907 eng Stad gouf, nieft Butschebuerg a Biereng eng vun den dräi Uertschaften an der Diddelenger Gemeng war. Diddeleng ass eng vun den 12 Stied am Groussherzogtum Lëtzebuerg.

Séier Fakten Aussprooch, An anere Sproochen ...
Thumb
Den RTL-Antennepotto um Ginzebierg.

Zu Diddeleng stoung déi éischt modern integréiert Schmelz vu Lëtzebuerg an dofir gëtt d'Stad och nach Forge du Sud genannt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Diddelenger Schmelz.

Remove ads

Geographesches

Diddeleng läit am Nordoste vum loutrengesche Minettsbaseng um Bord vun der Cuesta vum Bajocium am Dall vun der Diddelengerbaach.

De Süde vum Dall, wou grouss Industrieanlage stinn, ass vun Osten hier vun den Héichte vum Doggerplateau begrenzt an no Norden an Nordoste geet en op an den Dall vun der Gander a vun der Uelzecht.

Topographesches

Am Nordweste steet eng eenzel Kopp de Gehaansbierg, ee sougenannten Ëmlafbierg, mat enger Héicht vu 405 m, op deem Iwwerreschter vun enger Buergruin a réimescher Festung ze fanne sinn.

Déi héchst Plaz ass de Ginzebierg deen eng Héicht vu 424 m (NG-L) huet, an ënner deem op engem Plateau op enger Héicht vu 417,5 Meter den RTL's-Sender steet, deen e bei klorem Wieder op méi wéi 20 km gesi kann.

Den déifste Punkt ass am Thilleweier op der franséischer Grenz op 256 m.

Remove ads

Kuckeswäertes

Bekannt Diddelenger

Remove ads

Literatur zum Theema

  • Diddeléng - Gëscht an haut; Éditions Schortgen, 2020; Bildband vun 240 Säiten.
  • 100 Joer Diddeleng, Bäilag vum Tageblatt Nr. 286 vum 8. Dezember 2007, 24 S.
  • Dudelange, l'usine centenaire; Lëtzebuerg, Arbed s.a., 1982, 219 S.
  • Krantz, Robert, Koerperich, Léon: Düdelinger Chronik, Band I, Aus dem Mittelalter in die Neuzeit (798-1907); Esch-Uelzecht, Imprimerie coopérative luxembourgeoise, 1980
  • Krantz, Robert, Koerperich, Léon, Conrardy, Jean-Pierre: Düdelinger Chronik, Band II, 75 Jahre Stadt Düdelingen (1907-1982) & 100 Jahre Düdelinger Hütte (1882-1982); Esch-Uelzecht, Éditpress, 1982
  • Weber, Albert, Düdelingen - vom Dorf zur Stadt. Beiträge zur Düdelinger Lokalgeschichte; (ouni Datum; 1985), erausgi vun der Stadverwaltung vun Diddeléng a vun der Kulturkommissioun; 227 S., ill..
Remove ads

Historesch Biller

Kuckt och

Referenzen an Notten

  1. cf. Antoinette Lorang: Die märchenhafte Villa des Dr Urbany; in La maison d'en face. Das Haus gegenüber. Säit 149-152, Éditions Le Phare, Esch-Uelzecht, 1995, 202 S. ISBN 2-87964-031-8
  2. De Schlakentipp war deemools beim Schwaarze Wee ier en op Butschebuerg verluecht gouf. Enn den 1980er ass deen Tipp ofgedroe ginn a mat him ass och de Schwarze Wee verschwonnen, respektiv gouf d'Route de Thionville (CR190).
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads