Douro
Floss op der ibeerescher Hallefinsel From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Douro [ˈdoɾu], op (Spuenesch Duero ['dweɾo]) ass, mat ronn 897 Kilometer, deen drëttlängste Floss op der ibeerescher Hallefinsel. En huet seng Quell an de Picos de Urbión, an der spuenescher Provënz Soria, leeft duerch Nordspuenien an Nordportugal a leeft bei Porto an den Atlanteschen Ozean.


Aner Stied op sengem Wee sinn, a Spuenien, Soria, Almazán, Aranda de Duero, Tordesillas a Zamora, all an der Provënz Kastilien-León. Op enger Längt vun 112 km mécht en dann d'Grenz tëscht Spuenien a Portugal, do si seng Uwänner Deel vum Naturpark Arribes del Duero an Douro Internacional. Vun do u leeft en 213 km duerch Portugal, wou en d'Stied Miranda do Douro, Pinhão (Alijó) a Peso da Régua passéiert, an och d'Wäibaugebitt Alto Douro, wou d'Drauwe vum Porto ugebaut ginn. Bei der Stad Porto (am Norden) a Vila Nova de Gaia (am Süden) leeft en an den Atlantik.
Remove ads
Nieweflëss
Déi wichtegst riets Nieweflëss sinn a Spuenien den Esla, de Valderaduey an de Pisuerga, an a Portugal den Tâmega, deen aus Galicien kënntm den Tua an de Corgo. Vu lénks kommen den Águeda, de Yeltes an den Tormes.
Geschicht
An der Antiquitéit huet den Douro Durius; Numantia war déi bedeitendst Stad u sengen Uwänner.
An der fréier Phas vun der Reconquista bis ongeféier zur Opléisung vum Kalifat vu Córdoba (1031) huet den Douro d'Grenzgebitt tëscht dem chrëschtlechen Norde vu Spuenien (Kinnekräich Asturien/Kinnekräich León) an al-Andalus am Süde gemaach. Bis haut sinn nach e puer mauresch Wuechttierm (atalaya genannt) erhalen.
Den Douro gëtt haut eng 15-mol gestaut, fir mam Waasser Stroumkraaftwierker ze bedreiwen.
Remove ads
Biller
- Spueneschen Deel vum Douro: d'Quell,
- ... bei Toro,
- ... bei Zamora.
- Internationalen Deel: Naturpark Arribes del Duero bei Fermoselle,
- ... Stauséi vum Barrage vun Aldeiadávila bei Aldeadávila de la Ribera.
- Portugiseschen Deel: bei Porto,
- ... Mëndung am Atlantik.

Um Spaweck
| Commons: Douro – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
