Droit de remontrance
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Droit de remontrance (Remonstranzrecht) war d'Recht vun de franséische Parlamenter am Ancien Régime, zu den Edikter a Gesetzer vun der Monarchie hir Meenung ze soen, a sech ze beschwéieren.
D'Remonstanzrecht war fir Parlamenter eng néideg Konsequenz vun hirem Recht, Edikter an Deklaratiounen z'enregistréieren. Well d'Parlamenter sou natierlech d'kinneklech Politik blockéiere konnten, wann hinnen en Edikt oder e Gesetz net gefall huet, hunn d'Monarchen ëmmer nees versicht, dëst Recht z'ëmgoen, och wa s'et net ofschafe konnten.
Duerch den Droit de remontrance haten d'Parlamenter net nëmmen eng technesch Opsiicht iwwer déi nei Texter, mä konnten dem Kinnek och weisen, wat un den Texter hirer Meenung no net gestëmmt huet.
Remove ads
Literatur zum Theema
- Lucien Bély, Dictionnaire de l'Ancien Régime, PUF, Paräis, 1996. (ISBN 2-12-052512-1)
- Marcel Marion, Dictionnaire des institutions de la France aux XVIIe-XVIIIe siècles, Picard, Paräis, 1999. (ISBN 2-7084-0572-1)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads