Dubai
Emirat vun de Vereenegten Arabeschen Emirater From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Dubai (arab. دبي) ass dat zweetgréisst Emirat vun den Vereenegten Arabeschen Emirater (VAE).
| Dëse Geographiesartikel iwwer d'Vereenegt Arabesch Emirater ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Geographie
Dubai läit um Persesche Golf op der arabescher Hallefinsel an huet eng Fläch vun 3.885 km². D'Emirat Dubai grenzt am Südwesten un Abu Dhabi, am Nordosten u Schardscha an am Südosten un den Oman.
Klima
Dubai huet e Wüsteklima, am Summer gliddeg waarm bis zu 39 Grad Celsius an am Wanter mëll. Ganz d'Joer iwwer fält praktesch guer kee Reen.
Geschicht
Bevëlkerung
Nëmmen 30 % vun der Bevëlkerung sinn Emiratis.
Sprooch
D'Amtssproochen zu Dubai sinn Arabesch an Englesch. All ëffentlech Schëlter si meeschtens zweesproocheg.
Relioun
D'Staatsrelioun zu Dubai ass den Islam. Awer och all déi aner Glawens- a Reliounsrichtunge ginn do respektéiert.
Ekonomie
Politik
Dubai ass en Emirat bannent de Vereenegten Arabeschen Emirater. President ass de Scheich (Sheikh) Zayed bin Sultan Al Nahyan. De Premierminister an och gläichzäitig Herrscher iwwer Dubai ass de Sheik Mohammed bin Rasheed Al Maktoum. Déi zwéin ernennen d'Chamber vum Land, déi aus 24 Ministere besteet. Éier do d'Gesetzer gestëmmt ginn, ginn d'Gesetzesprojeten nach an der Legislativ duerchdiskutéiert. Parteien a Gewerkschafte gëtt et an den Emirater net.
Remove ads
Kultur a Kuckeswäertes
- Al Fahidi Fort
- Jumeirah Moschee
- Heritage and Diving Village
Um Spaweck
| Commons: Dubai – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| |||
| Adschman | Abu Dhabi | Dubai | Fudschaira | Ras al Chaima | Schardscha | Umm al Kaiwan |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads