Duodezimalsystem
Stellewäertsystem mat der Basis 12 From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Remove ads
Den Duodezimalsystem (vum laténgeschen duodecim "zwielef"), och nach Zwielefersystem oder Unzialsystem ((la) uncia "Zwieleftel") ass e Stellewäertsystem mat der Basis 12. E besteet aus zwielef verschidden Ziffere fir Zuelen duerzestellen: 0, 1, 2, 3, 4, 5, 6, 7, 8, 9, ↊, ↋.
![]() |
Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

Géintiwwer dem Dezimalsystem si fir den Duodezimalsystem zwou zousätzlech Zifferen néideg. Nieft den Zifferen 0 bis 9 gebraucht d'Dozenal Society of Great Britain nach d'Zeechen ↊ fir zéng an ↋ fir eelef, deemno d'Zeechen 2 an 3 déi op der Kopp stinn.
D'amerikanesch Dozenal Society huet heiansdo fir zéng an
a fir eelef benotzt; alternativ konnten d'Zeechen X an E benotzt ginn, wann déi aner net geschriwwen/gedréckt konnte ginn.
Well et – anescht wéi am allgemeng gebräichlechen Dezimalsystem (mat der Basis 10) – zwielef Ziffere gëtt, gëtt eng zweet Ziffer eréischt fir natierlech Zuele vun zwielef u gebraucht. Am Duodezimalsystem heescht d'Zuel 10 net zéng, mee 1 Dosen + 0 (also zwielef) an d'Zuel 0,1 heescht net een Zéngtel, mee een Zwieleftel.
Remove ads
Um Spaweck
Commons: Duodezimalsystem – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads