Edwin Salpeter

éisträicheschen Astronom an Astrophysiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Den Edwin Ernest Salpeter, gebuer den 3. Dezember 1924 zu Wien, a gestuerwen de 25. November 2008 zu Ithaca an New York, war en éisträicheschen Astronom an Astrophysiker.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

De Salpeter ass als Jugendlechen am Joer 1939 vun Éisträich an Australien emigréiert, wou hien op der Universitéit vu Sydney Physik a Mathematik studéiert huet. Den Doktergrad krut hien am Joer 1948 op der University of Birmingham an England, wou hie mam Rudolf Peierls zesummegeschafft huet. Vun 1948 u war hien op der Cornell University, wou hien ënner anerem zesumme mam Hans Bethe iwwer Problemer vun der Quantenelektrodynamik a Kärphysik debattéiert huet an huet a ville Beräicher vun der theoreetescher Astrophysik matgeschafft. Mam Bethe huet hien d'Bethe-Salpeter-Equatioun fir gebonnen Zoustänn an der Quantefeldtheorie entwéckelt.

De Salpeter huet Kärreaktiounen a Stären ënnersicht souwéi d'Entwécklung vu Stären. 1955 huet hien d'initial Massefunktioun (Initial Mass Function, IMF) vu Stären ofgeleet, déi beseet, a water Zueleverhältnesser Stäre mat verschiddene Massen entstinn.

Hie war mam Jakow Seldowitsch ee vun den éischten, déi 1964 Akkretiounsscheiwen ëm schwaarz Lächer als Modell fir Quasaren an aktiv Galaxië virgeschloen huet.[1]

De Salpeter ass kuerz viru sengem 84. Gebuertsdag u Leukemie gestuerwen.

Remove ads

Éierungen

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads