Elon Musk

US-amerikanesche Fabrikant, Investisseur an Erfinder From Wikipedia, the free encyclopedia

Elon Musk
Remove ads

Den Elon Reeve Musk, gebuer den 28. Juni 1971 zu Pretoria a Südafrika, ass en US-amerikanesche Fabrikant, Investisseur an Erfinder.[1],[2] Hie gouf bekannt duerch seng Erfolleger als Internetdéngschtubidder, besonnesch mam Bezueldéngscht PayPal an der follgender Grënnung vun dräi Firmen: der Solarstroumentreprise SolarCity, dem Elektroautoproduzent Tesla an der Firma SpaceX, mat där hie seng Visioun vun enger privat finanzéierter Raumfaartindustrie verwierklecht huet. Doriwwer eraus ass hien an der Direktioun vun eelef weideren Entreprisen, an huet am Oktober 2022 fir 44 Milliarden US-Dollar de Mikrobloggingdéngscht Twitter kaaft.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Remove ads

Liewen

Dem Musk säi Papp war e südafrikanesche Maschinnebauingenieur a seng Mamm e kanadescht Model.[3]

Mat 12 Joer hat de Musk e Videospill entwéckelt, dat hien enger Computerzäitschrëft verkafe konnt. Kuerz viru sengem 16. Gebuertsdag huet hien zesumme mat sengem jéngste Brudder an der kanadescher Ambassade Reespäss ugefrot an e Joer méi spéit ass hien an Nordamerika ausgewandert, fir dem Zaldotendéngscht an der südafrikanescher Arméi ënner dem Apartheid-Regime z'entgoen. Säin éischt Zil war Kanada, wou hie sech op der Queen's University zu Kingston am Ontario, ageschriwwen huet. No engem Wiessel op d'University of Pennsylvania huet hien do säi Studium mat engem Bachelor an der Wirtschaft a Physik ofgeschloss. 1995 ass hien op Palo Alto a Kalifornien gewiesselt, wou hien op der Stanford University zu engem Ph.D.-Programm a Physik zougelooss gouf.[4]

Allerdéngs huet hien no zwéin Deeg um Campus entscheet, d'Studium opzeginn an eng Internetentreprise ze grënnen.[5]

Den Elon Musk war mat der Fantasyschrëftstellerin Justine Musk bestuet, d'Koppel huet fënnef Jongen.[6] De 25. September 2010 bestit de Musk déi brittesch Schauspillerin Talulah Riley. Schonn Ufank 2012 gouf hien nees gescheet. Am Juli 2013 huet d'Koppel sech nees bestuet, a schonn den 31. Dezember 2014 huet den Elon Musk fir d'zweet d'Scheedung agereecht. 2015 hu si hir Scheedung nees réckgängeg gemaach.[7] De Musk wunnt an engem Haus zu Boca Chica (Texas) um Terrain vun der Starbase, dat hie vu senger Firma SpaceX lount.

Am Mäerz 2010 war hien am Dokumentarfilm Die 4. Revolution – Energy Autonomy ze gesinn.

2015 hat den Elon Musk e Gaaschtoptrëtt an der 9. Folleg The Platonic Permutation vun der 9. Staffel vun der Serie The Big Bang Theory, an där hie sech selwer gespillt huet.[8],[9]

2018 gouf de Musk als Member an der Royal Society opgeholl.[10]

Remove ads

Literatur

  • Eric M. Jackson, The PayPal Wars: Battles with eBay, the Media, the Mafia, and the Rest of Planet Earth. World Ahead Publishing. Los Angeles, California 2004, ISBN 978-0-9746701-0-2
  • Michael Belfiore: Rocketeers, HarperCollins, New York 2007, ISBN 978-0-06-114902-3
  • Vance, Ashlee: Elon Musk: Tesla, PayPal, SpaceX: Wie Elon Musk die Welt verändert. FinanzBuch Verlag, München 2015, ISBN 978-3-89879-906-5
  • Jimmy Soni: The Founders: Die Geschichte von Paypal und den Unternehmern, die das Silicon Valley geprägt haben. FinanzBuch Verlag, München 2022, ISBN 978-3-95972-603-0
  • Olivier Lascar: Enquête sur Elon Musk, l'homme qui défie la science: Elon Musk, génie ou escroc ?, Alisio 2022, ISBN 2-37935280-1
  • Walter Isaacson: Elon Musk. Die Biografie. C. Bertelsmann, München 2023, ISBN 978-3-570-10484-2
  • Boris Manenti: Elon Musk - Le bonimenteur, Éditions du Rocher, 2024, ISBN 2-26811049-4
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Elon Musk – Biller, Videoen oder Audiodateien

Portal Astronomie

Referenzen

  1. Entrepreneur of the Year, 2007: Elon Musk, Max Chafkin, 1. Dezember 2007, Porträt bei Inc., S. 3, Websàit gekuckt de 17. Februar 2009
  2. Entrepreneur of the Year, 2007: Elon Musk, Max Chafkin, 1. Dezember 2007, Porträt bei Inc., S. 4, Websäit gekuckt de 17. Februar 2009.
  3. Der Mann, der zum Mars will, Kerstin Kohlenberg, Porträt in Die Zeit, 31. Dezember 2008, Websäit gekuckt den 8. Dezember 2010
  4. Elon Musk elected as Fellow of the Royal Society. Sky News (09.05.2018) Archivéiert de 04.01.2021. Gekuckt den 28.02.2021.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads