Émile Marx

lëtzebuergesche Journalist, Auteur a Libraire From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Den Émile (oder Emil) Marx, gebuer den 1. November 1899 zu Déifferdeng, a gestuerwen den 2. November 1964, war e lëtzebuergesche Journalist, Auteur a Libraire.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

An der Tëschekrichszäit huet hien eng kuerzlieweg Filmzäitschrëft, Hollywood, erausginn an huet an der Junge Welt kuturkritesch Artikele geschriwwen. Och am Escher Tageblatt an an der A-Z Luxemburger Illustrierte, an dono, vun 1936 bis 1940, an der Neue Zeit, huet hie reegelméisseg Artikele publizéiert.[1]

Nom Zweete Weltkrich, deen e vun 1941 un am fräie Frankräich verbruecht huet, huet hie fir d'Cahiers luxembourgeois, De Peck-Villchen an de Lëtzebuerger Journal geschriwwen.[1]

Hien huet no der Grënnung vun der CECA an der Verwaltung vum Conseil spécial des Ministres geschafft.

Den Émile Marx war vum 9. Oktober 1924 u mat der Julie Kauffmann bestuet. Seng Fra huet no sengem Doud am Joer 1966 seng Geschichte fir d'Jugend an engem gesammelte Band ënner dem Numm Die vom grauen Rand erausginn (Dréckerei Bourg-Bourger).

Fir un hien z'erënneren, gouf zu Sprénkeng eng Strooss no him genannt.

Remove ads

Literatur

  • Henri Wehenkel: Emil Marx, Buchhändler, Journalist, Schriftsteller. Le Phare 2016, 188 S.
  • Léon N. Nilles: "Die vom Grauen Rand". In: Revue, 22. Jg., nº 50 (10.12.1966), p. 32.

[Digitised by the National Library of Luxembourg].

Um Spaweck

Referenzen

  1. Romain Hilgert: "Ein Held der Linksfront". in: d'Lëtzebuerger Land Nr.8, 19. Februar 2016, S.17.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads